Keen entweder/oder: Méi Zäit fir d’Kanner. Kannerbetreiung ass kee Business.

„Stell der vir du bass viru kuerzem Papp ginn. Et ass äert éischt Kand. Deng Fra an du dir hutt doheem all Hänn voll ze di mat dem klenge Butz. Mee geschwënn gees du erëm schaffen, dann ass däi Pappecongé ofgelaf. Deng Fra muss dann eleng mam Butz eens ginn. Dat ass jo engersäits schéin, mee anerersäits vill Aarbecht a vill Opreegung. Du frees dech dofir elo scho wat maache wann d’Kand bis méi al ass an dir allen zwee erëm schaffe gitt. Am Léifste géingt dir gären de Choix hunn sou vill Zäit ewéi méiglech mam Kand ze verbréngen, an nach ëmmer kënnen op Kannerbetreiung an der Crèche zeréckgräifen.“

Sou ergeet et ville Leit. D‘Kannerbetreiung hänkt mat wichtegen Decisiounen zesummen déi d’Elteren am Interêt vum Kand fréier oder spéider mussen huelen. D’Kannerbetreiung gehéiert zum Alldag vu ville Stéit dozou. De Produktivitéitsdrock an déi deier Liewenskäschte maachen dat déi meescht Elteren allen Zwee musse schaffen.

Datt Fraen um Aarbechtsmaart aktiv sinn ass näicht Revolutionäres méi. Mä Tatsach ass dat Fraen emsou méi zu eisem Wuelstand bäidroen an d’Ekonomie un d’Rulle bréngen well si nach ëmmer de gréissten Deel vun der Haushaltsaarbecht leeschten an och méi oft ewéi Männer hallef schaffen, oder ganz ophale mat schaffe fir sech kënnen ëm d’Kannererzéiung ze këmmeren. Dat muss sech änneren. déi Lénk proposéieren eng Familljepolitik, déi och fir méi Gläichberechtegung bei der Erzéiungsaarbecht suergt. De Congé parental soll scho wärend dem Congé de Maternité kënnen ugefrot ginn, fir datt besonnesch an der éischter Phas vun der Entwécklung vum Kand d’Elteren zesumme kënne fir d’Kand do sinn.

Fir déi Lénk ass et och wichteg de Leit méi Choix ze loossen a Saache Kannerbetreiung. Méi Choix bedeit an deem Fall net Diversifizéierung vun der Offer u Kannerstrukturen duerch d’Entwécklung vun engem private Marché, mee datt Leit d’Méiglechkeet kréie méi Zäit mat hire Kanner doheem ze verbrénge grad ewéi den universellen Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Kannerbetreiung.

déi Lénk wëllen dofir d‘Aarbechtszäit reduzéieren an de Congé parental verduebelen. D’Kannerbetreiung soll ganz an ëffentlecher Hand bleiwen a grad ewéi d’ëffentlech Schoul fir jidderee gratis sinn. De System vun de Chèques services d’accueil soll domat och endgülteg als Iwwergangssystem ofgeschaaft ginn. Se kaschte 4 mol méi ewéi d’Ausgabe fir d‘Entwécklung vun ëffentleche Kannerbetreiungsstrukturen a baséieren op enger falscher sozialer Selektivitéit. Eng allgemeng Gratuitéit vun der Kannerbetreiung finanzéiert iwwer eng progressiv Besteierung vun den héije Revenu’en, wier méi effikass a méi gerecht.

2018.dei-lenk.lu

Am Beräich vun der Familljepolitik fuerderen déi Lénk och:

(-) Eng Verlängerung vun de Babyyears op 24 Méint fir all Elterendeel an d’prise en charge vun de Cotisatioune fir d’Altersversécherung vum Staat;

(-) Eng Erhéijung vum Kannergeld op 330 € dat sech automatesch de Liewenskäschten upasst a progressiv mam Alter vun all Kand an engem Stot klëmmt;

(-) Eng Entwécklung vun de Ganzdagsschoulen uechter d’Land;

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe