Keng Plaz fir Sexismus

De feministeschen Aarbechtsgrupp vun déi Lénk begréisst d’Virgoensweis vum CID Fraen a Gender géint sexistesch Reklamm.

Wa Mënschen op hire Kierper reduzéiert ginn an als Dekoratioun fir ee Produit benotzt ginn, dréit dat zur Festegung vu Stereotypen an zum Erhale vun engem sexistesche Mënschebild bäi. Ze dax gëtt bei Reklammen net just op genormten, onerreechbar Kierper mä och direkt op Diskriminatioun zeréckgegraff, fir de Konsum ze förderen.

Et ass gutt, dat et eng onofhängeg Selbstkontroll vun der Publizitéit (CLEP) gëtt, déi unhand vun engem Deotologies-Kodex iwwerpréift, op déi selwergesate Reegele vun der Werbebrance, zB. zur “responsabilité sociale”, agehale ginn. Sou eng Kontroll mécht awer just Sënn, wann d’Konklusioune vun der CLEP eescht geholl ginn an net probéiert gëtt, se ze ridiculiséieren.

Et soll eben net all Mëttel erlaabt sinn, fir de Konsum z’erhéijen. Fir eis ass och insgesamt d’Zereckdränge vu kommerzieller Reklamm aus dem ëffentleche Raum een Zil, fir d’Liewensqualitéit vun de Leit z’erhéijen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe