Lëtzebuerg muss sech endlech senger Verantwortung stellen: 100% erneierbare Stroum bis 2050.

“Stell der vir du wunns an engem vun Land dat souvill Ressourcen verbëtzt, dass et 9 Planéite misste ginn wann all Land op der Welt esou ee Verschläiss hätt. Stell der vir dat déi vill Energie déi an dem Land verbraucht gëtt, kaum do produzéiert gëtt. Stell der vir d’Regierung vun dem Land mécht Campagne géint Atomenergie, mee schaaft keng ekologesch Alternativen zum Atomstroum. Stell der vir déi selwecht Politiker drécken sech virun der Verantwortung propper Energie ze produzéieren. Stell der vir dat Land lieft op Käschte vu villen aneren, mee stellt sech senger Verantwortung net.”

Weltwäit kommen 80% vun der Energie, déi all Dag konsuméiert gëtt aus net nohaltege Quellen. Zu Lëtzebuerg ass et wäit méi, hei sinn et 94%. 71% vun dëser Energie stame vu fossillen Energieträger, wéi Diesel, Bensin, Kerosin oder Gas. Dass dëse Wäert esou héich läit, ass an éischter Linn dem Tanktourismus geschold.

Et ass och duerch dësen Tanktourismus, dass Lëtzebuerg en enorm héijen Energieverbrauch huet. A wëll dësen och nach op fossiller Energie berout, féiert dësen héije Verbrauch zu engem vill ze groussen Ausstouss vun Zäregasen.

Sou ass et och net verwonnerlech, dass Lëtzebuerg nom Qatar, dat Land op der Welt ass, wat den héchste Ressourcëveverbrauch par rapport zu senger Awunnerzuel huet. Lëtzebuerg verbraucht souvill Ressourcen, dass et 9 Äerde misst ginn, fir dee Verbrauch weider kënnen ze stëllen, wa jiddereen op der Äerd sou liewe wéilt ewéi mir.

Wärend zu Lëtzebuerg weider sou gemaach gëtt, wéi wann eis d’ekologesch Krisen näischt géifen ugoen, kënne mir weltwäit schonn d’Konsequenze vun de Schied gesinn. Mee och zu Lëtzebuerg spiere mir éischt Folge vum Klimawandel, wéi Hëtzt- an Drëscheperioden oder zolidd Iwwerschwemmunge weisen.

Et gëtt definitiv Zäit, dass Lëtzebuerg méi Efforte mécht a sech senger Verantwortung stellt. Lëtzebuerg huet d’Moyen’en, elo musse mer et upaken, ugefaange bei der Energietransitioun.

Aktuell kommen circa 6% vun der Energie, déi verbraucht gëtt, aus erneierbare Quellen. Bis 2020 mussen et der laut Europäescher Unioun 11% sinn. Aus eegener Kraaft packe mir dat net méi, dofir gouf ze laang geschlof. Dofir geet d’Regierung an d’baltesch Staaten erneierbar Energie “kafen”. Dat ass awer just en Transfert vun Zuelen, e bëllege statisteschen Trick. Zu Lëtzebuerg ännert sech doduerch physesch näischt, et gi just Chance verpasst.

Wa mir eis Ekonomie op ekologesch Féiss setze wëllen, da musse mir hei selwer Effort’en maachen. Déi sinn och ekonomesch interessant, wëll se Aarbechtsplaze schafen an eis méi onofhängeg maache vun Importer. déi Lénk wëllen den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu enger vun de wirtschaftleche Prioritéite maachen. Mir mengen, dass dat méi sënnvoll a propper ass, ewéi mat Steiergelder geckeg Eskapaden am Weltraum ze finanzéieren.

Bis 2050 wëlle mir bei 100% erneierbarem Stroum zu Lëtzebuerg ukommen. Dat ass ambitiéis, mee Etüden doriwwer goufe scho gemaach. D’Potenzial zu Lëtzebuerg ass do. Mir leeën de Fokus op de Stroum, wëll et de Stroum ass, den an Zukunft d’Haaptenergie wäert ginn, sief et nëmmen duerch de wuessende Stellewäert vun der Elektromobilitéit, déi fossil Brennstoffer sou séier wéi méiglech ersetze muss. Dësen Ausbau soll méiglechst dezentraliséiert stattfannen, mat ville klenge Produktiounssitten, déi kommunal a regional oder vun Energiekooperative verwalt ginn. D’Récknam vun Ubidder a Reseau’en ënner ëffentlech lokal-regional Kontroll erméiglecht eis eng demokratesch Energieplanung an eng sozial an ekologesch Tarifstruktur.

Natierlech ass déi Zilsetzung nëmmen da realistesch, wann de gesamten Energieverbrauch lues a lues reduzéiert gëtt. Déi nohaltegst Energie ass déi, déi net verbraucht gëtt. Dat geet net ouni déifgräifend politesch Entscheedungen an engem schrëttweise Réckzuch aus dem Tanktourismus, dem Ausbau vum ëffentlechen Transport an enger konsequenter Renovatiounscampagne vun Haiser a Wunnengen, ugefaange bei de Stéit mat klenge Revenu’en, déi finanziell am meeschte vum Energiespueren hunn.

http://2018.dei-lenk.lu/

Fir eisen Energieverbrauch propper an nohalteg ze maache proposéiere mir donieft och:

(-) d’Froe ronderëm d’Produktioun an de Verbrauch vun der Energie mussen demokratesch gekläert ginn an an den Entscheedungen iwwer d’Landesplanung eng Roll spillen;

(-) d’Recht op Energie verwierklechen duerch eng demokratesch festgeluechten a gestaffelt Tarifikatioun vum Verbrauch. Jidderee brauch Energie a vill Leit verbëtzen der och. Dem muss kënne Rechnung gedroe ginn, wann iwwer Präisser decidéiert gëtt;

(-) d’Digitaliséierung am Energiesecteur kritesch begleeden an Exzesser verhënneren. D’smart meters dierfen net op d’Käschte vun der Gesondheet an dem Dateschutz an all Haus installéiert ginn. Wann des Froe gekläert sinn an et sech erausstellt, dass déi intelligent Compteuren tatsächlech bei der Energietransitioun hëllefen, gesinn déi Lénk kee Problem. De Moment sinn des Froen awer nach net gekläert.

 

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe