Motioun vun déi Lénk iwwer CETA: Privat Schiedsgerichter aus dem Accord raushuelen!

Begréissen den unanimen Accord Fraktiounen a Sensibilitéiten beim Text vun eiser Motioun.

War eis wichteg, den Accord z’erreechen fir en Zeechen ze setzen.

En Zeechen dass d’Parlament sech amëscht andeems et den europäische Regirungen an der Kommissioun a punkto Handelsaccorden rout Linn opweist.

Wou roud Linn opzezeechne sin, do gin heibannen Meenungen auseneen.

Mer hun se opgezeechent do wou mer eis eens sin.

An dat ass do wou am Accord mat Canada – dee schon ënerschriwwen awer nach net ratifizéiert ass – déi Bestëmmungen iwwer d’Interventioun vu private Schiidsgeriichter drastin, déi ee vun de grousse Kritikpunkten vun enger wuessender weltwäiter Oppositioun beim TTIP-Vertrag mat den USA sin (dee nach an der Négociatioun ass).

D’Europaparlament huet beim TTIP verlaangt dass déi privat Schiedsgeriichter duerch öffentléch Geriichter mat Appellméiglechkeet ersaat gin.

D’europäesch Kommissioun huet dorop am September hin eng Propositioun an deem Sënn virgeluecht.

Et huet eis duefir absolutt primordial geschengt dass an dëser Situation d’Chamber d’Regierung opfuedert, kee weidere Schrëtt a Richtung Emsetzung vum Vertrag mat Canada ze ënnerhuelen – esou laang déi aktuell Bestëmmungen iwwer privat Schiidsgeriichter drastin.

Dat ass fir eis absolutt noutwendeg.

Et ass awer och fir eis den absolute Minimum.

Wann een dee breede Widderstand géint CETA an och géint TTIP kuckt, souwuel an der Populatioun, wéi och bei dene villen Organisatiounen – Gewerkschaften, Emweltorganisatiounen, Verbraucherorganisatiounen, Bauerenorganisatiounen – déi viru kuerzem eng fir Lëtzebuerger Verhältnisser massiv Demonstratioun fir de Stopp vun dene Verträg higeluecht hun, da misste mer eigentlech haut, dir Dammen an dir Hären, eng Motioun stëmmen, déi bei denen zwee Accorden CETA an TTIP  giff soen: Stopp CETA an TTIP!

Well et ass inakzeptabel dass demokratesch Entscheedungen vun de Parlamenter – Gesetzer – solle viru Geriichter (privaten oder och esouguer öffentléche Geriichter) kënnen attackéiert gin, denen hir Urteeler exécutoires sin, an zwar an all dene Fäll wou Gesetzer – wéi et heescht –  indirekt op eng Expropriatioun vun Investissementer erauslaafen.

Esou eng Expropriatioun ka virleien wa Lizenzen fir d’Exploitatioun vun Naturräichtümer zréckgezu gin, wann en Atomstopp an engem Land ageleed get, wann e Land décidéiert, d’Publizitéit fir Zigaretten ze verbidden, asw.

Zwar behaapt d’Kommissioun, d’Recht vun de Staaten fir ze reguléiere wär net affektéiert, mei déi entspriechend Bestëmmungen sinn immens vague gehalen a kënnen ënnerschiddlech interpretéiert ginn.

Déi ganz Diskussioun ass och dowéinst esou wichteg, well TTIP a CETA net just eng Saach ass zwëschen Nordamerika an Europa. Der Kommissioun geet et jo ganz bewosst drëms, fir matt Hëllef vun deenen Accorden e Standard ze setzen, deen duerno soll weltwäit zur Norm ginn.

A virun enger Visioun, wéi se och der europäischer Kommissioun virschwieft, wou iwwerall op der Welt multinational Konzerner géint d’Staate juristesch virginn, kënne mir nëmme warnen.

Fir op de CETA an eis Motioun zréckzekommen:

Och déi Propositioun, déi d’Europäesch Kommissioun am September fir d’Schiidsgeriichter am TTIP virgeluecht huet – och schon ënner öffentlécher Kritik – get näischt un der Tatsaach geännert, datt den Interessi vun den Entreprisë virun den Interessi vun de Bierger gesat gëtt.

Mä si ass zumindest eng Verbesserung andeem se öffentlech Tribunaler virgesäit mat professionelle Riichteren déi ernannt ginn, amplaz private Schiidsgeriichter. Si gesäit och méi Transparenz an eng „procédure de recours“ fir.

Et ass also ondenkbar, datt mer elo sollen e CETA ëmsetzen, an deem nach déi al Bestëmmungen iwwert déi privat Schiidsgeriichter dra sinn. Dat ass eng Fro vu Kohärenz a géif virun allem e geféierleche Präzedenzfall schafen.

Déi amerikanesch Regierung ass jo, wéi dier wësst, net immens waarm mat der neier Propositioun vun der Kommissioun.

D’Gefor ass also grouss, datt d’Kommissioun iergendwann ëmfält an erëm op déi ursprénglech Positioun – déi mat de private Schiidsgeriichter – zeréckgräift – mat deër se jo schon an de Verhandlungen d’accord war.

Dofir ass et esou wichteg, datt déi national Parlamenter an där Saach e klore roude Stréch zéien a mir wären dofir frou, wa mer déi Motioun hei kéinten eestëmmeg votéieren.

Motion en format PDF

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe