Nee ! zum Artikel 13 vun der neier EU Copyright Directiv.

déi Lénk begréissen de generelle Prinzip hannert dem Artikel 13 vun der neier EU Copyright Directiv, dat Internet-Risen à la Google, Youtube a Facebook den Auteur’en vu kreativem Contenu – also Zeitungen, Journalisten a Blogger’en – en faire Präis bezuele mussen, wann si Contenu vun dësen op hier Online-Plattforme verëffentlechen an domat vill Geld verdéngen.

déi Lénk sinn awer der Meenung dass dat gewollte wirtschaftlecht Gläichgewiicht tëscht Kreativen a Mega Online Plattformen net iwwert de Wee vum Copyright duerf gereegelt ginn, well dat noutgedrongen eng Kontroll vun allen online Contenu’en (op Copyright-Konformitéit) mat sech bréngt, z.B. ënnert der Form vun automatiséierten Upload Filteren.

Dës Kontroll huet potentiell uerg negativ Effekter a riskéiert d’Internet – wéi mir et haut kennen – futti ze maachen:

(-) net-copyrighted Material gëtt « aus Accident » an den automatesche Filtere vun den Internet-Rise blockéiert, well déi keng Loscht hunn verantwortlech gehal ze ginn an dofir hier Filtere ganz engmascheg astellen;

(-) Parodien, Memes a Kommentarer mat Bezuch op copyright-geschützte Material, also demokratesch Forme vum fräi’en Schwätzen, verschwannen zum Deel, well se net méi duerch d’Filtere gelooss ginn;

(-) Iwwert dee Wee vun Upload-Filtere kann en EU-Land anti-demokratesch Gesetzer an Zensur justifizéieren;

(-) Well d’Internet vill méi ass wéi eng Usammlung vu geschützte Contenu’en gëtt et duerch eng eesäiteg Analys op kuerz oder laang méi aarm, méi steril a manner demokratesch;

(-) Mëttelgrouss a kleng Website’n kënnen sech d’Filteren net leeschten a verzichten da léiwer ganz fir Contenu vun Aneren ze publizéieren.

déi Lénk sinn duerfir strikt géint den Artikel 13 vun der neier EU Copyright Directiv.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe