Ried vum David Wagner um pot du nouvel an

01/14/2010

Gudden Owend,

Iert ech ufänke wollt ech net vergiessen un den Daniel Bensaid z’erënneren, deen en Dënschden gestuerwen ass. Hien war een vun den brillantsten marxisteschen Philosophen vu senger Generatioun – hien huet sech och net genéiert, voller Selbstironie sech als Archeomarxist ze bezeechnen. Mee en hat et wéi de Marx mat der Philosophie – Philosophie ass net nëmmen do fir d’Welt ze verstoen mä och fir se ze veränneren. Den Daniel Bensaid souz net an en Elfenbeinturm. En huet militéiert an der IV. Internationaler an der LCR an, méi rezent, bei eise Frënn vum Nouveau Parti Anticapitaliste a Frankräich. Ech mengen verschiddener vun eis haten d’Gléck hien och kennenzeléiren, sief et nëmmen e puer Minutten mat him ze schwätzen a säin sangenden Accent vu Toulouse ze héieren. Et ass net nëmmen e mënschleche Verloscht mä e Verloscht fir d’ganz Gauche.

Mir sinn haut den Owend heihinner komm fir zesummen dat neit Joer 2010 unzegoen, sief et als Member, als Sympathisant oder als Frënd vun déi Lénk.

2010 ass net nëmmen den Ufank vun engem neie Joer. Et huet och en neit Jorzéngt ugefangen.
Wat och ëmmer een vun deem Genre vun Symbolik hält: virun 100 Joer - also 1910 - hat en Jorzéngt ugefangen deen eng Rei Evenementer erbruecht huet, déi d'Welt nohalteg verännert hunn.

Den Ausbroch vum 1. Weltkrich 1914, als Konsequenz vun der Verschäerfung vun den Antagonismen tëscht den groussen imperialen Muechtbléck, wat eng Konsequenz vum Kapitalismus war. Den Imperialismus als héchsten Stadium vum Kapitalismus - de Lenin hat dozou schon geschriwwen.

 3 Joer nom Ausbroch, 1917 also, koum et zu engëm weideren Ereegnes als Konsequenz vun der kriegerescher Geckegkeet vun den besetzenden Klassen: d'Oktoberrevolutioun a Russland. Dëst wäert och d'Weltgeschicht, wéi mer wëssen, op eng facetteräich Art a Weis veränneren.
Ech woe mol ze behaapten datt 1910 keen sech virstelle konnt wat an deenen nächsten Joren op d'Welt duerkomme géif. Och de Lenin net.

Elo si mer natierlech méi schlau a wëssen: déi Period war engersäits d'Enn vun enger Era an den Ufank vun enger neier, eng grouss historesch Explosioun als Konsequenz vun der Verschäerfung vun den politeschen, ekonomeschen an sozialen Verhältnisser.

Den Historiker Eric Hobsbawm - deen iwwregens 1917 gebuer ass - dat Joer war wierklech en gudde Millenium - huet an dem Zesummenhank vun engëm "kuerzen Jorhonnert" geschwat, en Jorhonnert deen vun 1914 bis 1991 gedauert huet.

Wat gëtt aus eisëm Jorhonnert? Gett et e kuerzt? Gett et e laangt? Gett et e schlecht? Gett et e gutt?

Et ass kloer datt een keng Parallelen tëscht Perioden däerf maachen. D'Geschicht repetéiert sech net. Se stottert héchstens.

Anerersäits: zënter enger Partie Joeren schéngen sech d'Verhältnisser ëmmer méi ze verschäerfen.

Dat betrëfft net nëmmen de Klima, deen zu Kopenhagen net konnt gerett ginn.
Leider ass dat net verwonnerlech. Schon de Marx huet an der Mëtt vum 19. Jorhonnert Parallelen gezunn tëscht der kapitalistescher Ausbeuterlogik an der Zerstéierung vun der Ëmwelt.

Op jidfer Fall steet eppes fest : den Wandel, den Change, fennt net am Norden vum amerikaneschen Kontinent statt, mee ganz kloer am Süden.

Klammer op : Dofir gouf och am Honduras geputscht. Dofir hun d’USA an d’EU dat akzeptéiert (aner Länner wieren bombardéiert ginn, mä d’Putschisten am Honduras verteidegen d’Wäerter déi eis Kapitalisten och verteidegen.
Klammer zou.

Et ass elo 5 vir 12.

D’Industriestaten waren net bereet radikal emzedenken a huelen Naturkatastrofen, déi natierlech déi Äermst op der Welt am meeschten wäerten treffen, a Kaf.

Mir als déi Lénk mengen datt een net d’Ëmwelt schounen kann ouni den wirtschaftlechen System grondsätzlech ze änneren.

Et muss aneschters produzéiert an consomméiert gin.

Genausou wéi d’Mënschen virun der Gier vum Kapital muss geschützt ginn, muss datt och mat der Ëmwelt de Fall sinn.

Wann d’Mënschheet weider op eng ziviliséiert Art a Weis weiderliewe wëllt, kennt se net laanscht en ökosozialisteschen Ëmbau vun der Weltwirtschaft.

2009 huet bewise wéi schon laang net méi - sief et, et hätt een dorunner gezweiwelt - datt et géigesätzlech Intressen an der Gesellschaft ginn. Dat et Kapitalisten ginn. Dat et Salariéen ginn. Dat et Aarbechter ginn. Dat et Ausbeutung gëtt. Dat et Zynismus gëtt.

Datt et awer och Kampfbereedschaft gëtt.

Datt et nach ëmmer dat gëtt - an et wäert wahrscheinlech nach méi intensiv ginn - wat een Klassekampf nennt.

An datt een an dedem Kampf Faarf bekenne muss fir eng vun den zwou Klassen.

2010 fänkt un wéi 2009 opgehalen huet. Aus renger Profitsucht - wat zum Kapitalismus gehéiert wéi den Schwiefel zum Däiwel - gouf d'Faiencerie Villeroy&Boch zougemaach.

Iwwer 200 Aarbechtsplazen goufen vernicht. Ouni Rücksicht op mënschlech Existenzen.

Virun e puer Deeg si mer gewuer ginn datt Dikrecher Brauerei ofbaut an 63 Aarbechtsplazen verschwannen sollen. Och an der Belsch, an Däitschland, an Groussbritannien an an Holland sinn eng Rei Brauereien betraff an e puer Honnerten vun Aarbechtsplazen ginn och op den Altoer vum Profit geopfert.

Et ass intressant ze gesinn datt d’Regierung, aneschters wéi bei Villeroy, sech e bëssen beweegt. Ech soen e bëssen, well mer jo nach näischt wëssen. Mir hoffen awer och datt et net just Gestikulatioun vum Aarbechtsminister ass. A mir erënneren drun datt et net duer geet au cas par cas all Kéiers eppes ze soen, mä datt een soll Gesetzer schafen déi d’Salariéen virun der Profitgier vum Patronat schützt !

A vu datt d’Regierung jo näischt ennerhëllt an dedem Sënn, hu mir eis als déi Lénk gezwonge gesinn selwer esou eng Gesetzespropositioun ze maachen. Si ass déposéiert, si steet der Chamber zur Verfügung.

A wat Dikrech ubelaangt : do ass eis Fuerderung ganz kloer.
Opkafen oder esouguer enteegnen !

Dat ass dem Staat säin verfassungsméissegt Recht. Dat ass mol kee Kommunismus, mä dat misst jo dee läschte Kommunist Jean-Claude Juncker hikréien.

De Juncker, de läschte Kommunist - wann de Juncker dee läschte Kommunist soll sinn, dann verstinn ech datt esou vill Leit Angscht virum Kommunismus hunn !

Mir liewen an enger sozialer Maartwirtschaft gëtt eis verzielt.

An hei zu Lëtzebuerg si mer och nach esou extra intelligent datt mer déi wonnerschéin Tripartite hunn.

Mee wat heescht dat elo konkret. Nodeems während 3 Jorzéngten mat Hëllef vun den 3 groussen politeschen Famillen - liberal, sozial- an chrëschtdemokratesch -
d'Interventiounsmechanismen lues a lues ofgebaut goufen, stinn d'Regierungen mam Fanger am Mond a kucken domm dran.

D’Patronat huet fräi Bunn, och wann et ëmmer rëm mam selwechten Gejéimers wéi dat um Neijoerspatt vun der Handwierkerfederatioun de Fall war.

Dat huet een fir d’läscht op der Tripartite 2006 gesin.

Dëst Joer soll jo och eng stattfannen.

Op eng Tripartite iwwerhaapt am Sënn vum Salariat ass, sief higestallt.

D’Gewerkschaften mierke jo selwer wou d’Limite sinn vun der Tripartite an et ass ze hoffen dat se dëst Joer net erëm eng Kéier vun Patronat a Regierung ugeschass ginn.

D’Regierung wëllt net fir näischt d’Tripartite.

Mir mengen awer datt den gewerkschaftlechen Kampf besser ass.

De Juncker wëllt keng Verschäerfung vun den Fronten !

Mee si sinn schon ganz schaarf !

Klassekampf gëtt gefouert : an zwar vun uewen !

Mir soen : am Géigendeel, d’Fronten mussen sech verschäerfen. D’Salariat soll sech verteidegen, soll ugräifen, soll mat aller Kraaft fir seng Intressen, wat d’Intressen vun der Allgemengheet sinn, antrieden.

Villeroy huet et flagrant gewisen. Wou den Aarbechtsminister Nicolas Schmit op eng Fro vun eisëm Deputéierten Änder Hoffmann huet äntweren mussen, huet en 10 Minutten gebrauch fir d'Nichtegkeet vu sengem Amt z'erklären. "Mir bedaueren dat all, mä mir kennen näischt maachen. Punkt. Schluss." Dat war eiser Regierung hiert Agräifen. Dat war dem Arbechterbouf Jean-Claude Juncker seng Regierung, säi Bäitrag zum Schutz vun den Aarbechter an Aarbechterinnen hei.

Wann een bedenkt datt et naiv Séilen ginn, déi geduecht hunn datt de Jean-Claude Juncker den bessere EU-Präsident gi wier.

Am Géigendeel! Ob Juncker, Van Rompuy, Blair oder wéi se och ëmmer heeschen. Dat ass alles eng schlecht Zopp. Dat ass alles e System.

Dat sinn alles Leit déi en Europa opgebaut hunn vum Sozialofbau an vun der bürokratescher Beviermondung.

En Europa wat der Jugend an och den heitegen Generatiounen all Zukunft verbaut.
An, sorry mä, de Juncker, de Bolkestein-Juncker - hien hat déi Direktiv jo ënnerstëtzt wou nach keen dovunner geschwat huet - de Bolkestein-Juncker wier vläit nach e bëssen méi schlëmm gewiescht.

Well wann et eppes gëtt wou hien gutt ass, dann ass et am Virtäuschen vun den Tatsaachen. Den groussen Virtäuscher Bolkestein-Juncker hätt seng Zäit zu Bréissel domadder vverbruecht den schéinen sozialen Männchen ze maachen an parallel dozou neoliberal Konterreformen matzedroen.

Et gëtt jo ëmmer gesot datt Europa e risegen Afloss huet op d'Länner, op d'Liewen vun senge Bierger. Dat ass natierlech richteg. Zur Zäit awer net onbedéngt am Gudden.
Komme zréck op Villeroy. Wat huet den Nicolas Schmit nach op dem Änder Hoffmann seng Fro geäntwert? Abee, e sot den Staat kéint net agräifen well dat mat europäeschen Regelungen net vereinbar wier.

Dat ass net onbedéngt ganz nei, mä et ass ëmmer gutt rëm ze héieren wat den Sënn an Zweck vun dëser EU ass.

Spéitstens wou déi europäesch Regierungen den Lissabonner Traité duerchgepeitscht hunn an en regelrechten institutionellen Putsch gefouert hunn, wësse mer wou mer mat dëser EU drun sin.
Eng EU déi sech kee Meter ëm d'Meenung vun senge Bierger këmmert.

Eng EU déi sech hannert ontransparenten an ondemokrateschen Strukturen verstoppt fir sozialen an ondemokrateschen Ofbau ze bedreiwen.

D'EU ass keen Selbstzweck.

Wann d'EU, wéi dat elo de Fall ass, en Hindernis gett fir sozialen an demokrateschen Fortschrëtt, da soe mer ganz kloer: esou eng EU wëlle mer net!
Fir datt keen Mëssverständnis opkënnt :
Eisen Engagement fir en vereenegt Europa, jo, fir eng vereenegt Welt souguer, ass ouni Zweiwel.

Mee ze behaapten datt déi heiten europäesch Unioun op éischter Plaz am Intressen vum Grousskapital handelt – an u sech och geschafe gouf – ass net abstrus.
Mir kréien dat all Dag mat.

Mir sinn fir Europa, mä fir en Europa vun den Bierger an dat as déi heiteg EU definitiv net !
Dofir gëtt eis Fuerderung no enger Neigrënnung vun der EU nach méi akut !
Eng nei EU mat neien Verträg, basisdemokratesch ausgeschafft am Intressi vun de Leit an net vum Fric.

Dat soll den europäesche Modell an der Welt sinn !

Ech sinn dëm Bestietnis bis elo ëmmer mat Erfolleg aus dëm Wee gaangen.

Trotzdem verspieren ech esou eppes wéi gescheet ze ginn. Gescheet mat der EU, spéitstens wou se zu Lissabon friem gaangen ass. Dat sinn ech an Irland gewuer ginn.

A Wierklechkeet huet sech d’EU vun enger halwer Milliard Bierger scheede gelooss – all déi Leit déi op dem ale Kontinent liewen.

Mee d’Leit gi sech dem och ëmmer méi bewosst.

Datt d'Verhältnisser sech verschäerfen heescht datt och ëmmer méi Mënschen sech bewosst ginn, datt fundamental politesch an sozial Alternativen néideg sinn.

Virun genau engem Joer ware mer och hei versammelt. Dat waren 5 Méint virun den Chamberswahlen.

Mir hunn deemools gesot mir géifen an d'Wahlen goen och fir gewielt ze gin.
Mir hunn och gespuert datt et méiglech wier, do wou bal jiddwereen an den Medien net drun gegleeft huet.

Mir waren eis bewosst datt d'Verhältnisser sech änneren, och hei zu Lëtzebuerg.

Datt een, duerch eng verbessert Organisatioun an vill Motivatioun, dat och beaflossen kann. Datt een net just Objet mä och Subjekt vun der Geschicht kann sinn.

D'Resultat kenne mer all: déi Lénk huet et fäerdegbruecht op eege Fauscht, ouni Finanzéierungsmettel an ouni Dageszeitung mat engem Setz an der Chamber gewielt ze ginn.
Dat ass keen Zoufall: datt huet domadder ze dinn datt mer net ofgehuewe sinn vun den Realitéiten, datt mer och besser wéi anerer an Schichten vum Salariat andrénge kennen.
Radikal an realistesch, pluralistesch an populär: mir behaapten net datt mer d'Wourecht gepacht hunn, mä mir brauchen eis net ze schummen fir ze soen datt mer ganz oft Recht haten, datt dat wat elo op der Welt am Geschéien ass - Stéchwuert Finanzkris - eis vläit am mannsten iwwerrascht huet. An datt mer Fuerderungen stellen déi pertinent sinn.

Et geet net duer d'Ofschafen vum Kapitalismus ze fuerderen. Et muss een eppes dofir maachen. Eng Méiglechkeet, ech ënnersträichen ENG Méiglechkeet, ass den politeschen Engagement an enger Beweegung wéi déi Lénk.

Anerersäits maache mer eis natierlech keng Illusiounen: eis geet et net drëms aus der Finanzkrise ze kommen fir den Kapitalismus ze retten oder ze rehabilitéieren.

Eis geet et schon drëms datt déi Krise - well Krisen kennen och positiv an néideg sinn - mat engem Auswee aus dëm Kapitalismus eenegt.

Zanter eisem Walerfolleg am Juni, huet déi Lénk sech verstäerkt. Nieft dem Marc Baum als attaché parlementaire, schaffen elo och den Gilles Ramponi als coordinateur politique fir eis an d'Corinne Saghuber als administrativ Sekretärin. Den Claude Simon, als chargé de mission, steet hinnen och 10 Stonnen d'Woch bäi.

Deemnächst wäerte mer och an eist neit Lokal, 5, rue Aldringen an der Stad, anzéien.
Mee mir wäerten eis och nach organisatoresch versichen esou ze veränneren datt mer méi wierksam an méi demokratesch fonctionnéiere kennen.

Natierlech klappt nach net alles esou gutt wéi mer eis et géife wënschen. An deene läschte Méint hu mer vill Ustrengungen ënnerholl. Mee mir wäerten nach e bëssen Zäit brauchen quitte datt mer schon richteg Fortschrëtter gemaach hunn.

Mir hunn och net laang gewaart fir ze mobiliséieren.

Ob eisen ausseruerdentlechen Kongress am Dezember hu mer eis Campagne lancéiert "Eis Aarbecht - Eis Rechter".

Déi Campagne wäert e puer Méint daueren an all Member an Sympathisant vun déi Lénk wäert wëllkomm sinn fir mat sengem Engagement matzemaachen.

Firwat "Eis Aarbecht - Eis Rechter"?

Well grad an Krisenzäiten - mir hunn dat ënnert anerem bei Villeroy gesinn - benotzt d'Patronat all Argument fir sech nach méi op Käschten vum Salariat ze beräicheren.

Eng Saach ass kloer: vun dëser Regierung däerf een sech jo näischt erwaarden. Déi eenzeg sozial- an aarbechtspolitesch Mesure déi d'LSAP geholl huet, ass deen 5611bis vum Nicolas Schmit, also eng Mesure déi soi-disant den Jugendchômage bekämpfe soll, mä a Wierklechkeet jonk Salariéen bis 30 Joer quasi gratis dem Patronat iwwerléisst.

Als déi Lénk soe mer datt et grad Zäit ass emzedenken. Déi Krise déi mer erliewen ass eng Krise vum neoliberalen Modell fir net ze soen eng Krise vum Kapitalismus. Dat ass och méi korrekt.

Mir mierken awer datt déi déi eppes an Europa ze soen hunn dorausser d'Léieren net zéien wëllen. Dat ass normal: si si jo och déi, déi deen System un d'Liewen halen. Si sinn Deel vum System.

Während eiser Campagne wäerte mer eng ganz Rëtsch Virschléi maachen, Alternativen virschloen.

Aarbecht schaafen duerch Aarbechtszäitverkierzung - well déi eng sech geckeg schaffen an déi aner keng Aarbecht fannen. Aarbecht muss een deelen, well et ass Aarbecht genuch do fir jiddwereen.

Et soll een och verhënneren datt Aarbecht verschwënd.

Währenddeems déi Hären Schmit, Helminger a Bausch sech lamentéiert hunn datt Plazen zu Villeroy ofgebaut goufen, hu mir eng Propositioun de loi ausgeschafft déi soll ekonomesch Licenciementer bei Betriber déi Bënëfisser maachen verhënneren.

Mir hunn et an der Chamber déposéiert an deemnächst soll et debattéiert ginn.

Mir kennen gespaant sinn ze gesinn wéi déi aner sech positionéieren.

Et ass och eng Méiglechkeet fir d'LSAP fir ze beweisen op den Engagement vun den Sozialisten fir déi schaffend Leit der Wierklechkeet entsprécht oder nëmme waarm Loft war!
Abee, mir schloen eppes vir, an mir wäerten weiderhin Saachen virschloen, eppes konkretes, net just Parolen wéi op en LSAP Kongress am Wahlkampf.

Mir sinn a wäerten weiderhin och den rouden Wachhond an dëser Gesellschaft sinn.
Et ass Schluss domadder datt en LSAP-Gesondheetsminister mir näischt dir näischt mat den Pensiounsreserven spekuléiere kann, op Nestlé zum Beispill! Méi irresponsabel mat den ëffentlechen Gelder kann een net ëmgoen.

Et gëtt Zäit datt iwwert d’Pensiounsreserven d'Bierger bestëmmen kennen an net e puer Yuppien vun Auditgruppen!

Déi Zäiten sollen definitiv eriwwer sinn a wann en Gesondheetsminister versicht d'Bevëlkerung am bloen Damp vun niewesächlechen Polemiken ze erstécken, dann huet en säin soziaalt Engagement schlecht verstanen!

Mir wäerten konkret ginn, ganz konkret ginn! An fir d'LSAP riskéiert et waarm ze ginn, ganz waarm!

Well d'Zäiten vun der gemittlecher Politik politicienne as eriwwer.

Dëst Joer gëtt en Joer voller Kampf an Asaz fir déi Lénk.

D'nächst Joer musse dann erëm an en Wahlkampf zéien, wat soen ech, an e puer Wahlkämpf, well am Oktober 2011 fannen Gemengewahlen statt. Datt gëtt fir eis eng Geleeënheet eis weider auszebauen, eis lokal méi staark ze implantéieren. Eng Geleeënheet fir nach méi präsent ze sinn wou mer et schon sinn an präsent ze ginn wou mer et nach net waren.

Eis Argumenter kommen un, lues a lues. Si kommen un, well se richteg sin. Well se engem zivilisatoreschen Weltbild entspriechen deen d'Mënschheet brauch.

Zivilisatioun louch ëmmer um lénke Rand vun der Weltgeschicht. Muenchmol wor dee Rand méi breet, muenchmol méi schmuel.

Ganz dënn war en zu Auschwitz. Mee ganz breet war en 1789, 1871, 1917, 1968 an geschwënn gläich erëm.

Net well mir datt esou beschléissen, mä well et ganz einfach eng Fro vun der meschlecher Existenz ass.

A mir wäerten dobäi sinn!

Merci!
 

 
 
GOOSCH.LU
 
 

Agenda

L M M J V S D
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
30
 
 
 
 
 

 
 
Werden Sie Mitglied!