RTL berichtet: "Déi Lénk: Spuerpak vun der Regierung ass net ausgeglach"
http://news.rtl.lu/news/national/66631.html
"Och déi nei Versioun vum Spuerpak vun der Regierung ass net sozial ausgeglach – dat ass de Bilan, deen Déi Lénk e Méindeg gezunn hunn.
Dee gréissten Deel vun de Käschte misst nach ëmmer vum Salariat gedroe ginn. D'CSV hätt sech an dëser Debatt zum politesche Sproochrouer vum Neoliberalismus gemaach, sou den Serge Urbany vun Déi Lénk.
Aus der Siicht vun Déi Lénk wieren bestëmmt Ziler an dëser Tripartite erreecht ginn. D'Gewerschaften hätten hir Autonomie behalen, an der sozialistescher Partei géing nees diskutéiert an d'Debatt wier allgeméng nees op.
Den André Hoffmann proposéiert z.B., datt d'Kannergeld erëm soll vun den Entreprise bezuelt ginn. Dat géif dierkt 200 Milliounen d'Joer bréngen."
=> De Reportage op RTL Radio lauschteren
=> De Video op RTL Tele kukken
Retour à la listeProchains évènements
-
Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet
Plus d'informations -
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Plus d'informations