"Die Demokratie muss wieder erstritten werden" - Abschiedsrede von André Hoffmann

11/16/2011

Gemäss dem Rotationsprinzip von déi Lénk gab André Hoffmann sein Mandat in der Hälfte der Legislaturperiode an den Zweitgewählten Serge Urbany weiter. Am Dienstag hielt André Hoffmann seine Abschiedsrede im Parlament…

Audio: Interview mit André Hoffmann über das Ende seines Engagements im Parlament (Radio 100,7 - 08/11/11)

Artikel: "André Hoffmann: soziale Stimme mit Tiefgang" (Tageblatt, 15/11/11)

view video on chd.lu

 

Här President, léif Kolleginnen a Kollegen,

Fir d’éischt emol un Aech, Här President, e grousse Merci fir déi schéi Wierder. Merci och un d’Personal vun der Chamber, fir déi ausgezeechent Aarbecht, déi si am Déngscht vun den Deputéierten, also vun der parlamentarescher Demokratie leeschten. A merci un Iech all, léif Kolleginnen a Kollegen, fir déi fair a sachlech Ausenanersetzung, déi mär hei an der Chamber en der Regel féieren. A merci u meng Matstreider vun der Lénker, déi e schéinen Erfolleg bei de leschte Wahlen haten. A vun haut as schons meng Felicitatiounen a meng bescht Encouragementer fir mäi Nofolger, de Serge Urbany.

Et as fir d’drëtt a fir d’lescht, wou ech mäi Mandat als Deputéierten ofgin – ma net aus Launen eraus, et hat ëmmer säi Grond. An elo fir d’lescht, well et och eng Zäit get, fir opzehalen, fir méi jonke Leit Plaz ze maachen an fir sech selwer Zäit huelen fir aner Beschäftegungen.

Wat bleiwt da vu Beschäftegung ? Keng Angscht. Ech brauch schons e Joer, fir doheem mäi Büro ze raumen – an nach nëmmen, wann ech net all Blad dräimol ëmdréien, ier ech et entsuergen. An da waarden nach ganz vill Bicher, déi nawell gär gelies géiwe gin. An da muss ech mer Zäit retten, fir weiderhin e bëssen nozedenken.

Well et kann een jo wierklech grad elo net behaapten, d’Welt wär an engem Zoustand, datt en sech kee Kappzerbrieches méi misst maachen. Erlaabt mer dorfir zum Ofschloss e puer allgemeng Wierder iwwert deen Zoustand.

Fräihhet, Gläichheet, Bridderlechkeet – 200 Joer duerno sin d’Verspriechen net erfëllt. An déi mënschlech Dignitéit, déi « Menschenwürde » vun der Aufklärung – wou get se net iwwerall mat Féiss getrëppelt. An d’Bridderlechkeet – ouni déi geschlechtsspezifiesch Aschränkung géiwe mer haut soen : Solidaritéit. Get et der net esouguer ëmmer manner ? De schéine Schiller-Vers, deen elo an der Europahymne matgesonge get : « Alle Menschen werden Brüder » - dee kléngt jo wéi batter Ironie par rapport zu der Realitéit an Europa an an der Welt.

Et get also nach konkret Utopien, déi unzedenke sin, grad elo, also Kappzerbrieches. Ech mengen awer, da een awer net, wéi dat sou oft geschitt, ufänke mat der Fro, wat as machbar, well ee sech soss schons aspärt an de Käfeg vun der bestehender Realitéit. Et misst een fir d’éischt froen, wat as denkbar, was kann een sech virstellen, wat as wënschenwert, wat wär noutwendeg, an dann no Weeër sichen, fir dat an d’Realitéit emzesetzen.

D’Denken muss also oppe bleiwen, dat schléisst all « pensée unique » aus. Den Débat muss oppe bleiwen, da kann et net heeschen, et get keng Alternativ. An an deem Débat muss jiddfereen à peu près déiselwecht Chancen hun. Do huet jo d’Chamber selwer nach e bëssen nozehuelen.

An zum Schluss däerf jo en Zitat net fehlen.

Konkret Utopie, denken, wat denkbar as, awer nach net besteet, doriwwer schreiwt den éisträicheschen Schrëtfsteller Robert Musil a séngem groussartege Wierk « Der Mann ohne Eigenschaften ». An dorir brauch een, schreiwt en, ausser engem Wierklechkeetssënn, och e Méiglechkeetssënn – fir dat ze denken, wat zwar méiglech, ma nach net wierklech as.

« So ließe sich der Möglichkeitssinn geradezu als die Fähigkeit definieren, alles, was ebensogut sein könnte, zu denken und das, was ist, nicht wichtiger zu nehmen, als das, was nicht ist. »

Zum Schluss also, Här Präsident, léif Kolleginnen a Kollegen, wënschen ech Iech méiglechst vill Méiglechkeetssënn.

Merci.

 

Retour à la liste
 

Prochains évènements

  • Présentation par André Hoffmann sur la crise de l'Union européenne et la démocratie

    Plus d'informations
  • Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940

    Plus d'informations
  • 9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»

    Plus d'informations
 
 

Agenda

L M M J V S D
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
 
 
 
 
 

Newsletter

GOOSCH.LU

déi Lénk on twitter

 

Recherche


Recherche avancée