WAHLEN
'18

NEWS

01 Oct 2018
Kapitalakommes méi besteieren: Méi Steiergerechtegkeet fir eng gemeinsam Zukunft.
Steiergerechtegkeet heescht, datt een dee vu sengem Salaire lieft, genee esou besteiert gëtt, wéi een deen dee selwechte Revenu mat Aktien oder Obligatioune verdéngt. Dat ass awer hei zu Lëtzebuerg net de Fall. Akommes aus Kapital gëtt no enger Berechnung vun der CSL[1]  bis zu 5 Mol manner besteiert, wéi Akommes aus Aarbecht. Plus d'informations
29 Sep 2018
20% Bio-Landwirtschaft bis 2020: Eng gesond Landwirtschaft schaaft gutt Aarbecht.
déi Lénk wëllen dat änneren a viséiere bis 2025 en Bio-Undeel vun 20% an der Landwirtschaft un. Mee de Fokus läit net eleng op Bio-Betriber. Nieft dem ekologeschen Aspekt, spillt d’Landwirtschaft och eng wichteg sozial Roll. Mir wëllen déi Roll opwäerten. Betriber mussen dofir och opgrond vun dem beschäftegte Personal an dem Gewiicht wat se op lokal/regional Vermaartungs- a Verwäertungskette leeë gehollef kréien an net méi opgrond vun der produzéierter Quantitéit. Plus d'informations
28 Sep 2018
Eraus aus dem Stau. Mobilitéit verbesseren an d’Ëmwelt schounen, mam gratis ëffentlechen Transport.
Lëtzebuerg steet am Stau. Och den Auto bitt da kee Komfort méi. Momentan gi 55,4 % vum CO2 Ausstouss zu Lëtzebuerg vum individuellen Transport aus. Et wier also un der Zäit ëmzeklammen an den Zuch, Bus, Tram, oder op de Vëlo. Fir dëst ze erméiglechen, muss méi an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéiert ginn. Schinnenetzer a Buslinne musse flächendeckend a grenziwwerschreidend entwéckelt ginn, fir d’Leit och an der Peripherie ofzehuelen. Plus d'informations
27 Sep 2018
Nos réponses aux questionnaires des associations
En amont des élections législatives du 14 octobre 2018, différentes associations et organisations ont envoyé des questionnaires pour interroger les partis sur leurs positions respectives. Retrouvez ici les réponses de déi Lénk à ces questionnaires. Plus d'informations
26 Sep 2018
Lëtzebuerg muss sech endlech senger Verantwortung stellen: 100% erneierbare Stroum bis 2050.
Wa mir eis Ekonomie op ekologesch Féiss setze wëllen, da musse mir hei selwer Effort’en maachen. Déi sinn och ekonomesch interessant, wëll se Aarbechtsplaze schafen an eis méi onofhängeg maache vun Importer. déi Lénk wëllen den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu enger vun de wirtschaftleche Prioritéite maachen. Mir mengen, dass dat méi sënnvoll a propper ass, ewéi mat Steiergelder geckeg Eskapaden am Weltraum ze finanzéieren. Plus d'informations
25 Sep 2018
Question parlementaire concernant le paquet « banque climatique et logement durable »
No 9 Méint haten 12 Stéit eng Demande fir e Klimaprêt gemaach. E Bilan no engem Joer gouf vun der Regierung ugekënnegt, mee no bal zwee Joer vermësse mir deen awer ëmmer nach. Dofir froe mir elo no. D'Klimabank, mat där d'Regierung d'energetesch Sanéierung ukuerbele wollt, ass bei wäitem net op der Héicht vum Enjeu. Mat dem Instrument erreeche mir näischt géint de Klimawandel a Stéit mat méi klengem Akommes kréien och net gehollef, wëll si weiderhi keen Zougank zu engem Finanzement fir eng energetesch Sanéierung kréien.  Plus d'informations

Vidéo actuelle

Aktioun: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser trouschtloser Plaz op déi komplett Fehlplanung vu ganze Quartier Ban de Gaasperech opmierksam gemaach bei dem de Staat seng Handlungsfräiheet reegelrecht décke private Promoteuren ënnerworf huet.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos