PdL 6989 – Reform vum Détachementsgesetz

1)     Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz transposéiert eng europäesch Direktiv vun 2014, déi eng Rëtsch Punkten aus enger weiderer Direktiv vun 1996, der sougenannter „Direktiv Détachement“ (Entsende-Direktive), verdäitleche soll.

D’Direktiven iwwer den détachement vu Salarié’en huet allgemeng zum Zil, ze verhënneren, dass et am EU-Bannemaart mat mobiller Aarbechtskraaft zu Abus’en beim Aarbechtsrecht oder zu Loundumping kënnt, déi op Käschte vun all de Salarié’en, ob detachéiert oder net, géife féieren. Besonnesch fir Lëtzebuerg wou den détachement vu Salarié’en eng grouss Roll spillt, si méiglechst staark Schutzbestëmmungen vun zentraler Wichtegkeet.

2)     Wat ass wichteg?

D’Gesetz bréngt eng Rei wichteg Fortschrëtter:

(-) Detektioun vu falschen Détachementer e.a. duerch eng Auswäitung vun de Kompetenze vun der ITM

(-) Aféierung vun enger vertikaler Responsabilitéit: an Zukunft kann en Optraggeber sech net méi hannert sous-traitant’en verstoppen, wann et do zu Verstéiss géint d’Aarbechtsrecht kënnt.

(-) Stäerkung vun de Rechter vun Détachéierten: Gewerkschafte kënnen an Zukunft d’Rechter vun Détachéierte viru Geriicht verteidegen, och wann den Détachement scho eriwwer ass.

Allerdéngs bleiwen awer Problemer bestoen, e.a. wëll d’ITM hir gestäerkte Roll nëmmen erfëlle kann, wann déi néideg Moyen’en dofir krit. Dat ass an eisen Aen net gekläert. Donieft ass net kloer gekläert, wéi d’Kooperatioun tëscht den EU-Staaten op dësem Gebitt soll ausgesinn.

3)     Wei hunn déi Lénk gestemmt?

Dofir!

Den europäesche Bannemaart an dem Wueren, Déngschtleeschtungen, Kapital a Persoune fräi zirkuléiere kënnen, baut op Konkurrenz tëscht de Memberstaaten op, déi dann zu Loun- a Sozialdumping féiert. D’Direktiv – a fir Lëtzebuerg dann dëst Gesetz – zitt awer hei en Netz an, dat vill Abus bei de Léin a der Mëssuechtung vum Aarbechtsrecht verhënnere kann. Och wann ee sécherlech méi wäit hätt kënne goen (d’CSL huet Virschléi an dem Sënn gemaach), sou geet dëst Gesetz fir déi Lénk awer an déi richteg Richtung.

D’Gesetz gouf eestëmmeg ugeholl. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe