PdL 7031 – Déclaration «pays-par-pays»

Em wat geet et an dësem Gesetz?

Et geet ëm d’Ëmsetzung vun enger europäescher Direktive, déi d’Multinationalen an Zukunft obligéiert, eng «déclaration pays-par-pays» ze hannerleeën. Dat ass e Konzept, datt 2003 vun Tax Justice Network erfonnt gouf. D’Iddi derhannert ass einfach an efficace: D’Multinationale solle gezwonge ginn hire Chiffre d’affaire, hir Revenuen an hir Steierzuelungen ze verëffentlechen – an zwar opgeschlësselt fir all Land a fir all eenzel Filial.

Dat soll et erméiglechen, sech e bessert Bild iwwert d’Aktivitéite vun dësen ëmmer méi komplexen Entreprisen ze maachen, sou datt ee Mustere vun aggressiver Steieroptiméirung oder Steierflucht vill méi einfach erkenne kann. Wann eng Multinationale Milliounen u Gewënner a Steierparadäiser transferéiert a praktesch guer keng Steiere bezilt, da kann een dat unhand vun deenen Donnéeën zimlech einfach eraus liesen.

Wat ass wichteg ?

Dës europäesch Direktiv ass allerdéngs net ganz zefriddestellend. Zum Beispill kënne mir net novollzéien, firwat datt déi Exigenzen nëmme fir Entreprise gëllen, déi en Ëmsaz vu mindestens 750 Milliounen Euro pro Joer hunn, datt heescht nëmme fir ronn 10% vun de Multinationalen déi an Europa aktiv sinn. Virun allem ass awer dat zentraalt Element vun der ursprénglecher Iddi net zréck behale ginn: nämlech d’Transparenz.

Déi « déclaration pays-par-pays » kann nëmmen dann hir Wierkung entfalen, wann se och publik gemaach gëtt. Nëmmen da kënnen Analysten, Chercheur’en, Journalisten, Membere vun der Zivilgesellschaft oder déi einfach Bierger sech e Bild maachen an op Mëssstänn hiweisen. Doduercher, datt déi Informatioune, wéi an dëser Direktiv virgesinn, just de Steierverwaltungen zur Verfügung gestallt, ass dës Initiative manner efficace, well Luxleaks a Panamaleaks hu gewisen, datt Steierverwaltungen och kënnen Deel vum Problem sinn. Ausserdeem bréngt et dann den Entwécklungslänner näischt, well déi esou net un déi Informatioune kommen.

D’EU-Kommissioun huet mëttlerweil eng zousätzlech Propose virgestallt, fir datt déi « déclaration pays-par-pays » soll ëffentlech ginn. Allerdéngs ass och déi Propose bäi wäitem net ambitiéis genuch, well do net all d’Date musse verëffentlecht ginn, wat zu enger Rei vu Problemer féiert. Virun allem awer brauchen d’Donnéeë fir déi Filialen ausserhalb vun Europa net opgeschlësselt ze ginn, sou datt de Wäert fir d’Entwécklungslänner schonn erëm gläich Null ass. Dës zweet Initiative ass awer nach net decidéiert. déi Lénk hunn dozou eng parlamentaresch Ufro un de Finanzminister gemaach.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir! Obwuel déi europäesch Direktiv eng Rei Lacunen huet, ass et trotzdem e Fortschrëtt um Wee fir méi Transparenz a méi Steiergerechtegkeet.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 60 Stëmmen dofir – dovun zwou vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe