jeudi, 27 juillet 2017

PdL 7074 – Reform vum Enseignement secondaire

Em wat geet ët am Gesetz ?

Mat dësem Gesetz wëll d’Regierung en gesetzlechen Kader schafen fir d’Autonomie vun de Lycéeën anzeféieren an fir eng gréisser Diversifizéierung vun der schoulescher Offer ze fuerderen. D’Lycéeën sollen also lues an lues  finanziell, organisatoresch an pedagogesch onofhängeg gemaach ginn vum Staat. D’Aféierung vun dëser Autonomie gëtt ugedriwwen vum Opbau vun engem spezifeschen Profil den all eenzelen Lycée fir sech muss bestëmmen, am Kader vun sengem « plan de développement scolaire » den d’schoulesch Offer definéiert.

Wat sinn eis Haaptkritikpunkten?

(-) D’Autonomie vun de Lycéeën ass net garantéiert am Sënn vun enger demokratescher Ausriichtung vun den finanziellen, organisatoreschen an pedagogeschen Aspekter:

1. D’staatlech Subventiounen sinn kompetenzorientéiert an bewäerten sech ausschliisslech op d’Resultater déi en Lycée opweist, an net op d’Besoin’en un Personal, Material an Methoden fir des Resultater ze erzielen.

2. An der Organisatiounsform vun de Lycéeën steet den Direkter un der Spëtzt, den vum Minister ernimmt gëtt. Domat behält déi zoustänneg Regierung eng Kontroll iwwer d’Schoulentwécklung.

3. Den Conseil d’Educatioun, dat heescht d’Representanten vun de Schüler, den Elteren an de Proffen, gëtt entmuecht am Prozess iwwer d’Entwécklung an d’Ofstëmmung vum Plan de développement scolaire den d’pedagogesch Orientéierung an Matière vum Lycée bestëmmt. Den Direkter stellt « seng » Mataarbechter an déi den plan de développement scolaire elaboréieren, an hien behëlt d’Schlusswuert beim Ëmsetzen vun dem Plang,

(-) Et ass net ausgeschloss dat um Wee vun der finanzieller Onofhängegkeet vum Staat, d’Lycéeën sech vun der Betribswelt ofhängeg maachen an deem se em Drëttmëttel werben. Wuel gemierkt, wann den Staat sech finanziell desengagéiert, dann bleift just nach des Alternativ, an déi huet beträchtlech Konsequenzen, engersäits op den Inhalt vum Enseignement an aanerersäits  op seng Qualitéit. En plus wäerten d’Schoulen enk an Konkurrenz zesummestoen an nëmmen déi mat der beschter Reputatioun an deenen gréissten finanziellen Reserven wäerten an dem Kampf kënnen iwwerliewen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

déi Lénk hun géint dëst Gesetz gestëmmt, well et d’Weichen fir eng Zerstéierung vun der ëffentlecher Schoul stellt! Et mëscht Dieren grouss op fir d’Konkurrenz tëschent den Etablissementer vum Enseignement Secondaire, an féiert zu enger Oppositioun tëschent Elteschoulen an « Pubellsschoulen ». déi Lénk fannen dat d’schoulesch Ausbildung sollt demokratesch gereegelt sinn an d’Qualitéit vum Enseignement misst an allen Lycéeën , souwuel am Technique général ewéi am Classique deenen nämmlechten héijen Standarden gerecht ginn. Och d’Eenheetlechkeet vum Ofschlossdiplom muss preservéiert bleiwen an den nämmlechten Wäert unerkannt kréien…Diversifizéierung vun der schoulescher Offer entspriechend den diversifizéierten Lycéesprofiler, stellt déi gläichgestallten Unerkennung vum Diplom awer an Fro.