jeudi, 11 janvier 2018

Neijooschried vum Gary Diderich

Léiw Komeroden an Komerodinnen,

Léiw Journalisten an Journalistinnen,

Léiw Invité‘en,

Eis Gesellschaft ass eng Konstruktioun. Vum Mënsch an amfong fir den Mënsch, mee erëm ëmmer manner fir de Mënsch. Respektiv fir ëmmer manner Mënschen. D’Konzentratioun vun Räichtum op e puer wéineger an den Gruef par rapport zu den Villen, deenen, déi den Räichtum produzéieren ma och deenen wou sech ëm d‘Leit këmmeren an Spideeler, Schoulen, Heemer,… gëtt ëmmer méi grouss an ass op engem historeschen Ecart, ähnlech deem wéi virun zwee Weltkricher am leschten Joerdausend. Hunn ech grad Krich gesot? Dovunner schwätzt dach keen méi an wann dann als Hannergrondgeräisch. Et schéngt akzeptéiert ze ginn wéi wann et net ouni géif goen an wéi wann dat eng Naturkatastroph wär wou keen vill Afloss drop hätt an et just un e puer Verréckten géif leien.

Ma och dat ass eng Konstruktioun, eng kloer Fehlkonstruktioun, well Krich ass ëmmer een Resultat vun enger Politik an ganz seelen vun enger déi just an den betraffenen Länner gemaach gëtt.

Krich ass, fir et op de Punkt ze bréngen a fir Kloertext ze schwätzen, eng direkt Auswierkung vun engem System deen op Ausbeutung berout. An dee System heescht Kapitalismus.

De Krich dee gefouert gëtt huet vill Gesiichter. Et ass e Krich innerhalb vun de Länner deen déi räich Klassen géint déi schaffend Leit féieren.

Et as e Krich dee gefouert gëtt weltwäit tëschent den dominanten Klassen vun den verschiddene Länner.

Et muss ee ganz kloer verstoen datt den soziale Krich deen déi dominant Klassen féieren, an dee reelle Krich deen déiselwecht Leit ausléisen, keng Fatalitéit ass. Weltwäit mussen d’Völker sech géint Ongerechtegkeeten zesummen asetzen, dat ass dee beschte Mëttel géint all Form vu Kricher.

An wann d‘Virstellungskraaft vun erëm méi Leit et bis zouléisst kënnen, mäer déi Politik beaflossen! Mee opgepasst,  scheinbar geet et net duer dat just eemol en Masse ze maachen wéi géint den Irakkrich! Mäer hätten net dierften noloossen, well elo loossen mäer Kricher wéi an Libyen, Syrien, Ukrain zou ouni iwwerhaapt op d‘Strooss ze goen. An eemoleger aus der Friddensbeweegung grad wéi Parteien fir déi opmannst historesch gesinn eppes sollt un Fridden an Ofrëschtung geleeën sinn, rëschten knapps an der Regierung esou richteg mat op andeems den Budget op iwwer 300 Milliounen verduebelt gëtt.

Fir kuerz beim internationalen ze bléiwen, dann wëll ech kuerz op all d‘Alarmsignaler fir Europa an d‘Welt opmierksam maachen ouni awer op all Risikoherd anzegoen, ma éischter op déi synthetesch staark Intro vun eisem Deputéierten David Wagner hiweisen, am Ufank vun senger Ried an der Chamber zum Budget 2018, déi der all um Youtube Kanal vun déi Lénk kënnt kucken ;), an just dobeifügen, wat hien net an der begrenzter Chambersriedezäit konnt ënnerkréien, dass an Polen an Ungarn matten an der EU anti-demokratescher Prozesser am Gaang sinn déi eis all mussen alarméieren. Ma och zwëscht deenen Länner an eis gesäit et matt der neier Regierung an Eisterräich an der AFD am Bundestag net vill besser aus. An do hunn déi Parteien déi sech net méi ëm d‘Leit gekëmmert hunn, Politik zeréckgebaut fir dem Marché esouvill wéi méiglech ze iwwerloossen, hir wesentlech Verantwortung drun.

Krich, wuessend sozial Ongerechtegkeet, Steierevasioun, ofhänken vun ëmmer méi Leit an se domat an d‘Äerm vun der Rietser dreiwen, Aarmut an Honger, Mënscherechter déi baffouéiert ginn, den Klimawandel, dass Flüchtlingen méi oft alles anescht wéi Schutz fannen an dann och nach ëmmer, och ganz no bei eis, den Mëssbrauch vun Mënschen duerch Mënschen an virun allem vun Fraen duerch Männer wéi et #metoo elo och nach eng Kéier deem leschten virun Aen gehalen huet deen et net wollt gesinn.

Alles dat fuerdert vun eis all an jidderengem haut an direkt net nëmmen een „Indignez-vous“ mais een „Engagez vous!“ wéi den Stéphane Hessel 2011 een weidert Buch betitelt huet fir dat auszdrécken wat och op laang Siicht néideg ass fir wierklech Verännerung.

Ma och an der Wirtschaftspolitik respektiv wann et ëm d‘Aarbeschtkonditiounen geet, schéngt d‘Virstellungskraaft vun eiser Gesellschaft momentan an enger Sakgaass ze stiechen. Wann een kapitalistesch Dogmen a Fro stellt, Raisonnementer logesch an mat Zuelen beleet an awer domadder ausseet, dass eppes Grondsätzleches misst änneren fir dass d‘Konzerner net méi schalten an walten kënnen wéi se wëllen dann gëtt ee oft bekuckt wéi een Autobus. Mäer denken do nëmmen un d‘Verdäiwelung duerch Medien an etabléiert Politik vum Jean-Luc Mélenchon bei den franséischen Presidentiellen. Inspiréierend fir eis ass awer ze gesinn wat d‘France Insoumise a Frankräich fäerdegbruecht huet, bei wéi villen Leit si déi Virstellungskraaft an Mobiliséierung konnten bewierken, grad wéi och dem Corbyn seng Campagne an Groussbritannien an deem Sënn 2017 een kloert positiivt Signal war!

Mir wëlle kee Modell aus dem Ausland kopéieren. Mir loossen eis awer gären inspiréieren well iwwerall op der Welt kämpfen Lénker, Antikapitalisten, fir déi selwecht Zieler, nämlech déi vun der Befreiung vum Mënsch vun der Ënnerdréckung an der Bevirmondung.

Mir wëssen awer och ganz gutt wat op kee Fall a Fro kennt.

A Frankräich gëtt et eng staark Lénk, et gëtt awer och eng staark Droite, ënnert anerem déi vum President Macron, den « Président des riches ».

Deen inspiréiert anscheinend Leit hei zu Lëtzebuerg, déi vläit och « Premier vun de Räiche » gi wëllen.

Dat ass eng Gefor fir déi schaffend Leit a fir géint dës Gefor ze goen muss een natierlech déi Lénk ënnerstëtzen mee dat geet net duer!

Déi schaffend Leit, déi Jonk Leit, déi eeler mat de klengen Pensiounen, d’Fraen, all zesummen musse mer eis mobiliséieren géint all déi, déi eis erkämpfte Rechter a Fro stelle wëllen!

Op jidder Fall ass dee Wee deen ee muss aschloen.

Wëll et wäer eng kulturell an intellektuell Bankroterklärung wann mäer weider an d‘Richtung ginn dass ëmmer manner Leit ëmmer manner iwwert d‘bestehend Verhältnisser an Strukturen kinnten erausdenken. Dobei muss een soen dass dat wat konstruéiert ginn ass och kann dekonstruéiert ginn an virun allem kann transforméiert ginn. Eisen Rôle, als Lénk, ass méi wéi jee, Alternativen ze denken an opzebauen.

déi Lénk steet wéi keng aner Bewegung fir eng sozial an ökologesch Transformatioun vun der Gesellschaft, an zwar net nëmmen fir d‘Leit mee och mat de Leit!

Grondleeënd dofir ass eng méi demokratesch Verfassung, déi hunn mäer 2014 ausgeschafft an ëffentlech participativ mat de Leit diskutéiert ier maer se dann 2015 deposéiert hunn.

De Staat muss duerch méi Demokratie, méi Grondrechter an méi sozial Gerechtegkeet an sengem Optrag par rapport zum Bierger gestäerkt ginn amplaz nëmmen bestoend Verhältnisser ze securiséieren.

Essentiel ass et dass d‘Leit sech duerch hir Aarbecht hiert onofhängegt Liewen kënnen opbauen. Dofir schloen mäer schonn zënter 10 Joer fir, den Mindestloun substantiell eropzesetzen an maachen net an joerzéngtelaanger Regierungsbedeelegung eng Politik déi als Resultat huet dass sech 130.000 Leit am Aarmutsrisiko befannen an dann entdecken anerer d‘Thema awer eréischt e puer Méint virun den Walen obwuel se 2 Motiounen vun eis an der Chamber net mat gestëmmt huet an sie den Aarbechtsminister stellt.

D’Schéier tëschent aarm a räich geet ëmmer méi wäit auserneen an dat ass eng Konsequenz vu politesche Fehlentscheedungen!

Dréngend ass et dass mäer op een vun den schlëmmsten Mëssstänn hei am Land, dem Wunnraum, mat konkreten Proposen reagéieren an eis Proposition de loi méi eng kloer Sprooch schwätzt wéi all Wahlplakat an ronnen Dësch. An dass des Proposition de loi nach ëmmer net vun der aktueller Majoritéit op den Ordre du Jour gesat gëtt schwätzt och eng kloer Sprooch, an eng méi éierlech wéi d‘Wahlprogrammer vun deenen etabléierten Parteien déi weder an Regierungs- nach an Gemengenverantwortung eppes Decidéiertes géint d‘Wunnéngsnout gemaach hunn. Well d‘Fakten weisen: de Fonds de Logement huet 2016 kaum Wunnengen gebaut, d‘Stad Lëtzebuerg an d‘large Majoritéit vun den Gemengen refuséieren sozial Mietwunnéngen ze bauen, den Leerstand gëtt net decidéiert duerch eng Taxe bekämpft… Fir déi Lénk ass den Optrag vum Staat fir, d’Rechter vun der Bevëlkerung géint déi grouss Promoteuren, Investoren a multinational Entreprisen ze schützen – a net ëmgekéiert. Mee an eisem Land gëtt e Problem mat Interessekonflikter. déi Lénk steet dofir, dass esou Konflikter systematesch identifizéiert ginn, an dass déi néideg Konsequenzen fir politesch Décideuren dorausser gezu ginn.

De Fräie Marché huet versot an këmmert sech ëm sech selwer, de Staat & Gemengen mussen endlech Verantwortung iwwerhuelen an sech ëm d‘Leit an net ëm d‘Promoteuren këmmeren.

Vital ass, datt mer eis Ëmwelt erhalen an endlech dem Klimawandel Rechnung droen. Wa mer iwwer Klimaschutz an d’Loftqualitéit schwätzen, da schwätze mer eigentlech iwwert den ëffentlechen Transport. Dat wat gemaach gëtt ass gutt a néideg, mä do wou mer mëttlerweil stinn, geet dat leider net méi duer. Den Tram war mäin éischt politesch Thema virun 20 Joer, deemools wäer et néideg gewiescht déi Decisioun ze huelen.  Fir iwwert Natur-, Buedem oder Waasserschutz ze schwätzen, muss nieft der Verseuchung déi nach ëmmer op Industrieterrainen vun der ArcelorMittal geschitt, och zu Déifferdeng, virun allem d’Landwirtschaft ugeschwat ginn. Et gëtt endlech Zäit, datt mer ophale mat de Pestiziden a mat der Massenhaltung vun Déieren. Eist Ziel muss sinn d’Landwirtschaft op 100% Bio ëmzestellen an zwar esou schnell wéi méiglech, fir datt ons Natur, ons Biodiversitéit, sech erëm kann erhuelen. d‘Emweltbewegung, déi mam MouvEco dëst Joer 50 Joer feiert, mäer gratuléieren!, huet elo laang genuch konkret an qualifizéiert op déi Saachen higewisen, et gëtt Zäit endlech konsequent ze handelen! 

Biogeméis fir de lokale Maart, anstatt Jughurt fir den Export a China.

Visionär ass et, wann déi Lénk zënter sengen Ufänk fir eng Aarbechtszäitverkierzung mat vollem Lounausgläich antrëtt, well sech d‘Aarbescht verännert huet, d‘Produktivitéit iwwer Jorzéngten eropgaangen ass an d‘Digitaliséierung fortschrëtt, fir nëmmen dës Grënn ze nennen. An och hei hunn mäer onofhängeg vun Walen d‘Kampagne „Recht op Aarbecht“ schonn 2010 gemaach.

Aarbecht ass keng matière première déi een ewechgehäit wann een se net méi brauch, mee muss esou verdeelt ginn dass jiddereen sech aktiv abréngen kann an eis Gesellschaft.

Iwwerfälleg ass et dann endlech mat der Nischepolitik opzehalen déi näischt anescht mëscht wéi aus Ongerechtegkeeten Kapital ze schloen. Op dat d‘Finanzplaz ass déi an Europa den Steierdumping undreift an den Image vum Land an verruff bréngt, oder Initiativen wéi den Spacemining wou mäer mengen international Verträg net mussen ze respektéieren an esouguer am Weltall all Notioun vun Bien Commun wëllen op den Mound schéissen an mäer och nach ëmmer een Deel vun eisen finanziellen Recetten vum Tanktourismus, dëser ierdescher fossiller Ressource ofhängeg maachen.  Déi effikassten Klima an Kooperatiounspolitik ass déi wou mäer mol géifen ophalen d‘Ongerechtegkeeten a Kaf ze huelen déi mäer mat den exploitéierten Nischen verstäerken an eis mat engem blannen Aa eisen Modell dorausser finanzéieren. Déi Lénk traut sech als eenzeg politesch Kraaft dëst unzeschwätzen, net fir vun haut op muar an d‘blannt eranzesprangen mee fir opgrond vun engem largen ëffentlechen Débât een selwer geplangten Ausstig amplaz et op een ongezwongenen Notausstieg ukommen ze loossen.

Mäer bezuelen net nach eng Kéier fir är Krise!

Wat ass also den Bilan vun der leschter an den leschten Legislaturen, wou stinn mäer haut? Immobilitéit, Schaffen ouni Enn, Zersiidlung, Wunnéngsnoutstand, en schlechten Ruff ueschter d‘Welt an een materiellen Wuelstand deen net generaliséiert ass – vun deem net jiddereen profitéiert an deen och bedéngt all d‘Gléck op der Äerd bréngt. Emmer méi Leit hunn d‘Gefill sënnlos am Hamsterrad ze dréinen, d‘Krankheet mat däer eis Gesellschaft ze kämpfen huet heescht „Burn-out“ an 43% leiden ënner Stress op der Aarbecht, 15% ënner „épuisement continuel“. Ech zitéieren den meeschtgeliketen Kommentar ënnert deem Artikel op Lessentiel.lu zum Thema:

« Il y a uniquement le rendement et le fric qui compte dans ce pays! Le travail se déshumanise de jour en jour, les dépressions et burnouts sont très courant. J’en ai été moi même victime comme de nombreux amis. Toutes les administrations et les politiciens sont au courant et rien ne bouge. Pendant ce temps là on exploite jusqu’à la moelle les salariés. Bientôt on verra dans les annonces de travail : Bonne gestion du burnout, fourniture d’un traitement à l’embauche si besoin! »  (ouvrier le 16.02.2017 09:36, http://www.lessentiel.lu/fr/luxembourg/story/21970786)–

oder fir eng Mam ze zitéieren wou am Finanzsecteur schafft « Et gëtt schlecht gesinn wann een virun 7 / 8 Auer heemgeet, dofir kënnt och keen allzefréi op d’Aarbecht, Kanner ass och keen Grond dass een spéit geet oder fréi geet, mol net wann se am Spidol sinn, ech soen dann ech hätt een Problem mam Auto, dofir hunn se Verständnis op der Aarbecht »

Ma och op Aarbechtsplazen wou manner Drock besteet, ass een net gefeit virun engem deeglechen Malaise, een wichtegen Grond vum Burn-out ass deen vun der Sënnlosegkeet vun engem senger Aarbecht, an déi ass bei wäitem net ëmmer ginn !

Banke ginn gerett, ëffentlech Déngschter ginn privatiséiert an d’Leit ginn ausgedréckt wéi Zitrounen, dat muss ophalen !

Mee elo sinn ech trotz guddem Virsaz awer erëm ofgeschwäift, ech war amfong dobäi ze soen, dass Lëtzebuerg een Projet brauch, een neien Modell wéi Lëtzebuerg  – am internationalen a regionalen Ëmfeld – esou transforméiert kann ginn dass wirtschaftlech, sozial, ökologesch an demokratesch Froen fir d‘Leit an mat de Leit geléist ginn.

An mäer sinn net eleng als déi Lénk fir déi Virstellungskraaft an Militanz ze hunn fir dat Bestehend ze iwwerkommen. D‘Gewerkschaften, Kulturschaffender, d‘Transition Beweegung an d’économie solidaire et locale, d‘feministesch Beweegung, d‘Solidaritéitsbewegung mat den Geflüchteten, fortschrëttlech Medien, Jugendorganisatiounen an en groussen Deel vun der méi breeder Zivilgesellschaft schaffen och an déi Richtung. Déi Lénk kann mat 30% – mat der Virsicht déi esou Sondagen wéi deen vun RTL/Luxemburger Wort ëmmer sollen gëllen – op eng breet Vertrauensbasis bei den Leit zielen fir am politeschen Débat stellvertriedend fir dës Alternativ Visioun vun Lëtzebuerg anzestoen. An fir eis wäert och weiderhin d‘transformatoresch Politik déi mäer wëllen, virun Muechtpositiounen an Personalien stoen, deen „Level playing field“ deen déi etabléiert Parteien am Hibléck op den Wahlkampf opféieren, mat wahnwitzegen Koalitiounsoptiounen oder carrément Fusiounsambitiounen ass net eis Tasse de thé, dat iwwerloossen mäer aneren déi mat däer Approche zur Politik schonn genuch Leit degoûtéiert hunn. 

Mäer konzentréieren eis duerch eis politesch Praxis, duerch eis Inhalter awer och eis demokratesch Prinzipien wéi Rotatioun an Anti-Cumul weiderhin drop d‘Leit ze mobiliséieren, wéi dëst eis fir d‘Gemengewahlen gelongen ass wou esouvill, esou paritéitesch an esou Jonk Lëschten wéi nach ni vun déi Lénk kandidéiert hunn an eis Präsenz bei den Leit weider gestäerkt ginn ass. Bei der aktueller Situatioun wäer sécherlech méi néideg, an genee dat ginn mäer dëst Joer fir d‘Chamberswahlen un. Dofir wënschen ech eis all ofschléissend een Joer 2018 dat vill Beweegung an d‘Verännerung vun eiser Gesellschaft bréngt an mäer méi wéi eng fix Iddi un d‘Wackelen bréngen!

Mär sinn déi transformatoresch Lénk – Fir déi Vill, net déi Wéineg!

Oder fir et mam Rosa Luxemburg op den Punkt ze bréngen:

« Du wirst nicht danach beurteilt, was du sagst, sondern was du tust. »

PDF