Présentation d’un projet de Constitution alternatif

déi Lénk hunn haut en alternative Projet fir eng nei Verfassung virgestallt, deen ab elo online op verfassung.dei-lenk.lu ze liesen as. Jiddereen as invitéiert séng Commentairen, Kritiken a konkret Virschléi op dësem Site ze maachen. Mir freen eis op är Baiträg a wäerten aktiv mat diskutéieren.

déi Lénk vient de présenter un projet de Constitution alternatif, accessible en ligne en cliquant sur verfassung.dei-lenk.lu . Chacun-e est invité-e à consulter le site et à faire ses commentaires, critiques et propositions concrètes. Nous sommes ravis de lire vos contributions et participons activement au débat.

Alternative Verfassungstext als PDF

Firwat en alternativen Projet fir eng nei Verfassung?

Zanter 2009 gouf an der Chamber hannert den zouenen Dieren vun der Institutiounskommissioun iwwer eng grondsätzlech Ännerung an Erneierung vun der lëtzebuergescher Verfassung diskutéiert, déi an hiren wesentlechen Zich nach aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert staamt. Iwwer d’Noutwendegkeet vun esou enger fundamentaler Revisioun vun der Constitutioun gëtt et keen Zweiwel.

Vun Ufank un hunn mir als Lénk awer kritiséiert, datt esou eng fundamental Revisioun vun der Constitutioun vill méi en grouss ugeluechten ëffentlechen Debat bräicht, iwwer déi grondsätzlech Ausriichtung an déi wesentlech Froen vun enger Verfassung, déi den Usproch huet, op der Héicht vun den Entwécklungen an Erausfuerderungen vum 21. Joerhonnert ze sinn.

Dës grondsätzlech ëffentlech Debatt ass net gefouert ginn an d’Bierger konnten net un där wichteger Diskussioun deelhuelen. En flagranten Manque un Partizipatioun zeechnen d’Demarchen aus, déi zu deem Projet gefouert hunn, deen elo virgestallt gouf.

Als Lénk hunn mer an der Chamberskommissioun d’Aarbechten suivéiert an och versicht anzegräifen, mee ëmmer sous réserve vun der Noutwendegkeet vun enger grousser ëffentlecher Debatt.

Och no den Neiwalen 2013, déi jo duerch eng demokratesch an institutionell Kris zustanen komm sinn, sollt den ëffentlechen Deel vun der Diskussioun sech op 4 Froen reduzéieren an vun deenen dunn och nach eng – no engem zweiwelhaften an onkloren Kompromëss mat der Kierch – zréckgezunn gouf.

Déi Lénk waren och déi eenzeg, déi an der Kommissioun weider Froen agereecht hunn, zu deenen d’Leit sech sollten ausdrécken: de Sozialstaat, d’Roll vum Staatschef, d’Trennung vu Kierch a Staat an d’informationnelt Selbstbestëmmungsrecht. All dës Froen goufen awer vu enger Majoritéit vun CSV, DP, LSAP a Gréng zeréckgewisen.

Elo gouf den Projet vun enger neier Verfassung publik gemeet. Mär fannen, datt deen Entworf awer net den Uspréch vun eiser Zäit gerecht gëtt an net déi gesellschaftlech Avancéë duerstellt, déi esou een Text eigentlech misst hunn – wéi dat an der Geschicht vun Verfassungen jo och ganz oft de Fall war.

Mär fannen awer och, datt et mat der Kritik un deem Projet net duergeet. Mär hunn eis gesot, datt een d’Onzoulänglechkeet vun deem Projet am beschte kann doduerch beweisen, datt een en alternative Projet ausschafft. Deen keen Dogma ass, och keng ofgeschlossen an definitiv Wourecht. Mä en Bäitrag zu engem méi grondsätzlechen Debat iwwert d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft – en Debat, dee mär fir dringend noutwendeg halen.

Duerfir also dësen alternative Projet, deen mer méiglechst breet wëllen diskutéieren an den Leit d’Méiglechkeet ginn, sech dorunner ze bedeelegen, hir Iddiën, Iwwerleeungen an Proposen mat an deen Text afléissen loossen, ier mer en am Hierscht als eegen Gesetzespropositioun an d’Chamber eraginn.

Eng aner Logik

Eisen alternative Projet soll engersäits Barrièren géint Dériven vum Ultraliberalismus opriichten, an anerersäits doriwwer eraus Dieren opmaachen fir Alternativen zur Logik vun der Kapitalverwertung op Käschten vu Mënsch an Natur.

Eis Propositiounen hunn also engersäits en defensive Charakter, am Sënn vun der Protektioun vun bestehende Fräiheeten a Rechter, déi a Gefor sinn, an anerersäits en offensive Charakter mat neie Rechter, neien Obligatiounen vum Staat.

Engersäits also, zum Beispill, méi eng staark Protectioun vun der Demokratie par rapport zu der geballter wirtschaftlecher Muecht an zu den supranational Exekutiven; an anerersäits nei Weeër a Richtung vun méi Partizipatioun an direkt Demokratie.

Engersäits eng méi staark Ofsécherung vun deenen sougenannten negativ Rechter – also alles wat d’Protectioun vum Individuum par rapport zum Staat betrëfft; anerersäits awer och vill méi a méi präzis a nei positiv Rechter – virun allem sozial Rechter – an dat heescht Obligatiounen vum Staat.

Mär fänken un mat enger neier inhaltlecher Definitioun vum Staat, vun senger Missioun, sengen grondsätzlechen Zieler. Mär mengen, eng substantiell Definitioun vum Staat misst eigentlech en Entworf vun engem gesellschaftleche Projet sinn, engem „choix de société“. An dat hu mer an engem éischten Kapitel also probéiert. Sozialstaat, Etat laïque, net nëmmen repräsentativ, ma och direkt Demokratie, ausgedehnte Grondrechter, Ofbau vun Ongläichheeten, Nohaltegkeet, Ofschafung vun Militärbléck, en Europa vun der Solidaritéit…

Grondrechter

Ganz vir also d’Grondrechter.

Dozou e puer grondsätzlech Remarken. Fir eis sinn Grondrechter – also Mënscherechter am breede Sënn vum Wuert – prinzipiell ondeelbar. Dat heescht, datt een net soll trennen tëschent deenen klasseschen liberale Rechter a Fräiheeten, déi den Individuum géint den Agrëff vum Staat mussen protegéieren, déi ee kann viru Geriicht akloen – an deenen sougenannten neien Generatiounen vu Grondrechter éischter ma sozialen a kulturellen Beräich – déi dann natierlech och symmetresch derzou Obligatiounen vum Staat bedeiten.

Dobäi ass elo villfach unerkannt, datt sozial Rechter eigentlech d’Viraussetzung sinn, datt jiddwereen déi liberal Rechter iwwerhaapt kann notzen.

Och am internationale Recht sinn duerch déi sukzessiv Pakten zu de Mënscherechter, zu de politesche Rechter, zu den economeschen, sozialen a kulturelle Rechter se alleguer prinzipiell op deeselwechte Niveau gehuewe ginn. Mär hunn eis dofir och zum Deel vun deene Pakten inspiréiere gelooss.

Dofir si mer och net averstanen mat där Opdeelung am Projet vun der Kommissioun. Do stinn eng Rei wichteg Rechter, wéi zum Beispill Recht op Aarbecht oder Recht op Wunneng, ënner dem Titel „Objectifs à valeur consitutionnelle“, also vag „Zilsetzungen“. A mär mengen, dat wären Grondrechter vum selwechte Wäert wéi déi klassesch liberal Fräiheeten, an déi also och Obligatiounen vum Staat verlaangen.

Da fänke mer awer mat deene méi klasseschen un. Ma och do wëlle mer, wéi gesot, vill méi wäit goen wéi de Projet vun der Kommissioun.

Dozou e puer Beispiller erausgegraff:

Et geet net duer, Diskriminatiounen ze verbidden, de Staat huet d’Obligatioun, déi strukturell Ursaachen vun Diskriminatioun an Ongläichheet ofzebauen (18),

Keen däerf gezwonge ginn, un engem Krich deelzehuelen (21)

All Bierger huet Recht op gratis Schoul, och Héichschoul (23)

Besonnesch Kanner brauchen eng staark Protektioun (24)

Protectioun vum Journalist a vun sengen Sourcen(29)

Gewëssensfräiheet an dofir Trennung vu Kierch a Staat(31)

Verbuet vun politescher Bespëtzelung (34)

All Bierger huet Recht op Zougank zu allen Informatiounen, déi hien/si betreffen an all Informatiounen vun allgmengem Intressi (36 – 37)

Ausdrécklecht Recht op Désobéissance AN ausdrécklech Protectioun vum „lanceur d’alerte“ (38, 39)

Recht op informationnell Selbstbestëmmung (41)

Stäerkung vum Asylrecht duerch d’Obligatioun, déi konkret Situatioun vum Demandeur ze ënnersichen.

Sozial Rechter

Mär hunn dann e grouss Gewiicht geluecht op den Ausbau vu soziale Rechter a vum Sozialstaat. Och do e puer Beispiller erausgegraff.

Rechter vum Salariat: Aarbechtsbedingungen, Loun, Protectioun géint licenciement abusif, Kontroll a Matbestëmmung am Betrib, och iwwert strategesch Décisiounen. (50 – 57)

Recht op Zougank zu deenen wichtegsten ëffentlecher Servicer a Gidder (58)

Recht op Wunneng (59)

En universellt an ëffentlecht System vu Sozialversécherungen, an zwar a Form vu sozialem Eegentum, dat net däerf privatiséiert gin (60)

Obligatioun vum Staat, fir sozial a soziokulturell Ongläichheeten ofzebauen – zum Beispill duerch Steierpolitik, Bildungspolitik (67)

Eng nei Definitioun vum Eegentumsrecht an der wirtschaftlecher Fräiheet: éischtens emol d’Präzisioun, datt et net nëmmen Privateegentum, ma och ëffentlecht a soziaalt Eegentum, dat och eng staatlech Protectioun verdéngt; an datt d’Notzung vum Eegentum net dem allgemengen Intressi däerf widderspriechen. Ugesiichts vun där enormer Konzentratioun vu Räichtum a Muecht an hir Konsequenzen drängt déi Restriktioun sech offensichtlech op. Och gesellschaftlech Eegentum un wichtegen Ressourcen soll op d’mannst emol als Méiglechkeet festgehale ginn – esou wéi zum Beispill am däitschen Grundgesetz.

Nohaltegkeet

Mär hunn e speziellt Kapitel formuléiert zu dem Thema Ëmwelt, Klima, Nohaltegkeet – e bëssen inspiréiert vun der franséischer Charte de l’environnement, déi do en Deel vun der Konstitutioun ginn ass (73 ss). Dozou gehéiert de Pincipe de précaution, eng staark Barrière géint Natur- an Ressourcenzerstéierung, och d’Reduktioun vun eisem ekologeschen Foussofdrock.

A mer hun explizit och ënner dem Titel „Droit animalier“ e staarkt Signal fir en aneren Ëmgank mat den Déieren wëlle setzen – andeem se zum Beispill explizit als Liewewiesen musse gëllen, an net als „Saachen“ (81) a géint Leiden aller Aart mussen protegéiert ginn.

Clauses tranversales

Nach e Wuert zu deenen Clauses transverales – dat heescht Klauselen, déi sech op all déi opgezielte Grondrechter bezéien.

Fir d’éischt emol de Prinzip vun der Net-Regressivitéit. Dat heescht, kee Gesetz, wat déi Grondrechter regelt, an och keng Verfassungsännerung däerf d’Substanz vun deene Grondrechter a Fro stellen.

An zweetens, déi sougenannte Clause pro homine, déi zréckgeet op e Virschlag vun der Madame Véronique Bruck an der Zäitschrëft Forum. Déi beseet, datt supranational Recht, dat fir de Bierger méi favorabel wär wéi eis eegen Konstitutioun, dann juristesch och iwwert der Konstitutioun misst stoen an datt e Geriicht dat muss berücksichtegen.

An zum Schluss nach dat hei och zur Kohärenz vun eisem Projet.

Generéis Grondrechter hunn nëmmen dee gewënschten Effet, wann se och juristesch ofgeséchert ginn. An dofir plädéiere mer fir eng staark konstitutionell Kontroll iwwert en Verfassungsgeriicht mat wesentlech neien Kompetenzen, mat neien Prozeduren.

Citoyennetéit

Mir plädéiere net nëmme fir staark individuell Grondrechter, mee och fir en demokratesche Staat, deen se a Politik ëmsetze kann an dem seng Ziler a Kapitel 1 definéiert ginn.

Doniewent gëtt e neit Konzept vu Biergerschaft (Citoyenneté) geschafen an d’Institutioune gi generell demokratiséiert.

A Kapitel 2 iwwer d’Citoyennetéit, an am Kapitel 4 iwwer d’Chamber, gëtt definéiert vu weem de politesche pouvoir ausgeet: vun de Biergerinnen a Bierger, d.h. éischtens vun de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger, déi automatesch an de Wahllëschte stinn, awer och vun all deenen, déi méi wéi 5 Joer hei wunnen a sech an d’Wielerlëschten agedroen hunn. De politeschen Alter gëtt op 16 Joer festgeluecht. D’Wahlflicht gëtt ausdrécklech als Biergerflicht festgehalen wann een agedroen ass. Dat selwecht gëllt och fir d’Gemengewahlen an de Referendum.

Dat Kapitel iwwer d’Citoyennetéit ass nei an zentral. Et dréit der Ännerung Rechnung, déi haut scho bei de Gemengewahlen a bei den Europawahlen an all europäeschem Land eng Realitéit ass: dass e Wunnen an engem Land och Matbestëmmungsrechter an dem Land schaaft.
Politesch Rechter sinn domat och bei Chamberwahlen a bei engem Referendum, esou wéi haut schonn bei Gemengen- an Europawahlen, net méi eleng un d’Nationalitéit gebonnen.

Dat hëlt der Nationalitéit als aner zentral Kategorie kee Pouvoir ewech. E Lëtzebuerger oder eng Lëtzebuergerin hunn automatesch all déi politesch Rechter déi fir Net-Lëtzebuerger un d’Residence an un d’Aschreiwen op de Wahllëschte gebonne sinn. Un d’Nationalitéit bleiwen och all Zivilrechter gebonnen déi de Statut vun de Persounen ausmaachen – an déi bis elo net an der Verfassung stoungen.

Och fir den Zougank zur Fonction publique bleift d’Méiglechkeet vun ënnerschiddleche Regelunge behalen. A selbstverständlech bleift déi aktuell Sproocheregelung an déi zentral Roll vum Lëtzebuergeschen erhalen.

Eis Verfassung, déi sech em d’Begrëffer vu Citoyennetéit a Nationalitéit dréit, kuckt an d’Zukunft vun engem Land, dat – och am internationale Kontext – nëmmen derbäi gewanne kann wann et de soziologesche Realitéite Rechnung dréit, och deeër dass eng Majoritéit vun Aarbechter an Ugestellten am Privatsecteur déi op laang Zäit hei am Land wunnen, kee Stëmmrecht hunn.

Mer wëllen duerfir och déi Konzepter offensiv an d’aktuell Diskussioun em d’Verstäerkung vun der Demokratie abréngen.

Eng rezent Etude vu SESOPI huet nogewisen, dass – bei dem aktuellen Awunnerzouwuess – nëmmen déi gläichzäiteg Aféierung vum Awunnerwahlrecht a vu weideren Erliichterungen bei der Nationalitéit verhënnere kann, dass d’Politik an Zukunft an eisem Land vun enger Minoritéit bestëmmt gëtt – wat eis jo gëff all demokratesch Qualifikatioun ewech huelen an eis zum Apartheid-Land gëff maachen.

Vill ze vill Zäit ass verluer gaangen bei leschten Enns dach erfolleglose Versich den Zougank zur Nationalitéit ze verhënneren. Et war den CSV-Minister Frieden deen eng „Reethniséirung“ (Scuto) vollzunn huet, souwéi an deenen 30er Joren, déi den Artuso-Bericht ënnersicht huet. Et war den ADR dee sech laang géint d’duebel Nationalitéit gewiert huet. Mam eemolege Resultat an Europa dass haut nach 44% vun der Wunnbevëlkerung kee Wahlrecht hunn.

D’Unhänger vum Neen wëlle net verstoen, dass mer als demokratesch Natioun nëmmen iwwerliewe kënne wa mer 1.d’Awunnerwahlrecht ënner gewësse Bedingungen aféieren an 2. d’Bedingunge fir Lëtzebuerger ze ginn opmaachen, besonnesch fir déi, di hei gebuere sinn an hei an d’Schoul gaange sinn.

Domadder schwäche mer net eis demokratesch Souveränitéit, mee mer stäerke se!

Den ADR an déi meescht aner äifreg Verfechter vum Neen beim Referendum vum 7.Juni wëllen eis just géint eis Aarbechtskollegen a Noperen schützen, déi eng aner Nationalitéit hunn, a net géint déi, di eis all zesummen economesch dominéieren.

Initiativrechter

Mär awer stäerken an eiser Verfassung déi demokratesch Souveränitéit vum Vollek, andeem mer him och nei politesch Matbestëmmungsrechter ginn.

En zentrale Punkt dobäi ass och d’Biergerinitiativrecht am Artikel 120, als Kärstéck vun engem Kapitel iwwer direkt a partizipativ Demokratie. An 3 Etappen – vun deeër déi läscht de Referendum ass – kann hei eng bestëmmten Zuel Bierger eng Gesetzespropositioun areechen.
An deenen 2 éischten Etapp kann d’Chamber entscheeden op si de Virschlag unhëlt a kann da selwer e Gesetz ausschaffen. Allkéiers kënnen awer och d’Initiateuren entscheeden op déi parlamentaresch Reaktioun hinnen duergeet.

An der 1.Etapp ginn 0,5% vun den agedroene Wieler duer fir eng – positiv oder negativ – Décisioun vun der Chamber ze provozéiren.

An der 2.Etapp („initiative populaire élargie“), wa se vun 2,5% Wieler ageleet gëtt (5% bei enger Verfassungspropositioun), féiert de Refus vun der Chamber zum Referendum. Da kann awer och all Partei an der Chamber selwer eng Propositioun de loi maachen an se och zum Referendum stellen. All Propositioune gi virum Referendum engem net zwéngenden Avis vum Staatsrot an engem zwéngen den Avis vun engem neie Verfassungsgeriicht ënnerbreet. Dat majoritärt Resultat vum Referendum huet bindende, gesetzgebende Charakter.

Déi Volleksinitiativ mécht d’Biergerinnen a Bierger direkt zu Gesetzgeber, zesumme mat der Chamber. Am Géigesaz zum Kommissiounstext, deen och esou eng „initiative législative“ virgesäit, gesi mer eng Prozedur an der Verfassung selwer fir (déi jo duerch e Referendum soll ugeholl ginn).

Parlamentaresch Demokratie

Mee och de pouvoir législatif, d’Chamber, gëtt am Verglach mam Kommissiounstext wesentlech par rapport zur Regierung gestäerkt, duerch 3 Haaptpunkten:

-Virun der Ënnerschrëft ginn d’Regirungsreglementer publizéiert an duerch déi zoustänneg Chamberkommissioun aviséiert (Artikel 113);

-D’Gesetz (an net e Reglement) definéiert d’Organisatioun an de Funktionnement vun der Regierung an och d’Limitatioun vun de Mandater an de Code de déontologie vun de Ministeren. (Artikelen 145, 117);

-De Staatsrot (Artikel 150) gëtt e Konsultativorgan vun der Chamber, vun hir ernannt, mat Vertrieder och vun der Zivilgesellschaft dran, awer weiderhi mam Recht fir d’juristesch Kohärenz an d’Konformitéit vun de Gesetzer a Reglementer zu iwergeuerdende Rechter ze préiwen; nëmme nach bei Verfassungswiddregkeet soll en eng opposition formelle kënne maachen.

Ee vun deene wichtegste Fortschrëtter vum Kommissiounstext hu mer dogéint iwwerholl:
Nämlech d’Recht eng Regirungsembildung oder Neiwahlen auszeléisen duerch e Mësstrauensvote an der Chamber, a nëmmen duerch esou e parlamentaresche Vote. D’Parlament gewënnt esou seng Souveränitéit erëm a bleift och selwer am Amt bis dass déi nei Chamber vereedegt ass.
Dat ass déi wichtegst Léier aus dem Juncker-Coup vun 2013, deen d’Chamber duerch de Grand-Duc opgeléist an sech a seng Regierung am Amt gelooss hat. Wéi der wësst war déi Lénk déi eenzeg Partei déi deemools konsequent d’Demissioun vun der Regierung gefrot huet.
D’Parlament kritt also, mam Vollek, vill méi Poids vis-à-vis vun der Exekutiv.

Domat gëff wierklech, zesummen mat deenen neien Citoyennetérechter, en neien historeschen Verfassungs-Zyklus ageleet ginn.
Et huet eis nëmme normal geschéngt, och d’Roll vum Staatschef an dem Kontext nei ze definéieren.

Staatschef

Eis stéiert fundamental un dem virleiende Kommissiounstext, dass en – trotz engem fréien Usaatz a Richtung schwedesch formal Monarchie, dee vun der Juncker-Regierung an dem Staatsrot séier a Fro gestallt ginn ass – d’Roll vum Grand-Duc intakt léisst.
Hien trount nach ëmmer iwwer der Chamber a verkierpert a Wierklechkeet de Pouvoir vun der Regirung, déi sech hannert him verstoppt. Mär brauchen awer keng „parlamentaresch Monarchie“ – wéi et elo am Kommissiounstext steet, wat en enorme konzeptuelle Réckschrëtt zur aktueller Verfassung ass – mer brauchen eng lieweg Demokratie déi d’Vollék representéiert a mat décidéire léisst.

Mer haten duerfir eng Referendumsfro 1) zum Prinzip vun der Monarchie an 2) zu de Pouvoiren vum Grand-Duc als netgewielte Staatschef proposéiert. Dat ass vun alle Parteien ofgeleent ginn.

Mer sinn duerfir konsequent an der Logik a gesinn ee vum Parlament gewielte President – alternativ eng Fra an e Mann – fir, mat beschränkte Pouvoiren, déi an Artikel 157 definéiert sinn.
Lëtzebuerg gëtt domat an eisem Virschlag eng Republik.

Verfassungsgeriicht

Wichteg ass schlussendlech nach ze soen, dass mer, niewent der aktueller Verfassungskontroll duerch question préjudicielle vun de Geriichter, déi mer – am Géigesaz zur Kommissioun – bäibehale wëllen, eng Méiglechkeet fir all Persoun wëlle schafen, um Enn vun engem Prozess der Cour constitutionnelle Froen z’ënnerbreeden, déi dës Cour net vun de Geriichter ënnerbreet kritt huet – als zousätzlech Garantie, dass an individuelle Prozesser och d’Verfassungsbestëmmungen respektéiert kënne ginn.

Wichtegst Neierung ass hei awer déi politesch Kompetenz, déi dës nei Cour Constitutionnelle soll iwwerdroe kréien. Si soll, nom Unhuele vun Traitéen, Gesetzer oder Reglementer duerch d’Majoritéitsparteien, kënnen hir Verfassungskonformitéit kontrolléieren, an zwar op Ufro vun enger Gemeng an enger Chambre professionnelle am Kader vun hiren Attributiounen, oder allgemeng op Ufro vum Staatsrot oder vu 5 Deputéierten. Dat ganzt ass an Artikel VIII geregelt.

Dat sinn déi wichtegst Ännerungen par rapport zum Kommissiounstext. Vill kleng aner Ännerungen fënnt een am Text erëm, deen sech awer och an anere Punkten un den Text vun der Kommissioun uleent.

Alternative Verfassungstext als PDF

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe