Question parlementaire concernant Plan social chez Villeroy & Boch

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 81 du Règlement de la Chambre des Députés, j’aimerais poser la question urgente suivante au Ministre du Travail et de l’emploi

Här Minister,

Den Traditiounsbetrib Villeroy & Boch delokaliséiert hir Produktioun mat der Konsequenz, datt den funktionéierenden Produktiounssite Lëtzebuerg vun Villeroy & Boch zougemaach gëtt, an datt 230 Salariéen hir Aarbechtsplazen verléieren. Dëst obwuel et keen bedeitenden Réckgangvum Emsaz gouf. An der Vergaangenheet huet de Betrib Villeroy & Boch direkt an indirekt vun staatlelchen Hëllefen profitéiert an gläichzäiteg erweisen sech d’Verhandlungen fir Sozialpläng bei Villeroy & Boch als extrem zéi an schwiereg.

– Wéi gedenkt d’Regierung ze Intervenéieren,fir den berechtegten Interessien vum Personal Rechnung ze droen, wat hir konkrat Aarbéchtsplazperspektiven ugeet?

– Wat gedenkt d’Regierung nach ze ënnerhuelen, fir de Standuert V & B Iwwerhaapt nach ze erhalen?

– Wéi eng Mëttelen huet d’Regierung, fir déi real akonomesch Situatioun vun engem multinationale Grupp ewéi Villeroy & Boch ze analyséieren an ze kontrolléieren?

– Iwwer wéi eng präzis Informatiounen verfügt d’Regierung, wat d’Delokaliséierung vun Deier vun zu Lëtzebuerg aktiven Entreprisen an aner Länner an kontinenter ugeet, an desem Fall um Grupp Villeroy & Boch?

– An ewéi enger Héicht waren déi staatlech Hëllefen,déi d’Entreprise kritt huet a gedenkt d’Regierung dës Hëllefen ganz oder zum Deel zeréckzefuerderen?

– Villeroy & Boch huet schon 2006 Personal entlooss. An vun Säiten vun der Regierung e Suivi gemeet ginn, ob dës Salariéen erëm eng fest Aarbechtsplaz fonnt hunn?

– Ass d’Regierung doriwwer Informéiert, datt d’Direktioun vun Villeroy & Boch den Beschäftegten gedréit huet, si direkt ze entloossen, wann se hir Aarbecht nët bis Mëttwoch 14h erëm ophuelen?

An wann Jo, wéi ass d’Haltung vun der Regierung zu dëser Orohung?

En vous remerciant d’avance, Monsieur le Président, ainsi que Monsieur le Ministre, je vous prie d’accepter l’expression de ma très haute considération.

André Hoffmann

Question orale N° 12 transformée en question écrite urgente lors de la Séance publique N° 3 du 27 octobre 2009

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe