vendredi, 14 décembre 2018

Regierungsprogramm: den Erausfuerderungen net gewuess.

2013 sinn DP, LSAP an déi Gréng zesummen ugetruede fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft ze moderniséieren an demokratesch z’erneieren. Verschidde Reformen an dem Sënn si gelongen, wéi z.B. d’Trennung vu Kierch a Staat oder d’Aféiere vum homosexuelle Bestietnis.

Bei der Demokratiséierung ass d’Regierung awer kläglech gescheitert. D’Reform vun der Verfassung huet sie net ëmgesat a mat engem schlecht preparéierte Referendum huet sie d’Dir fir d’Wahlrecht fir auslännesch MatbiergerInnen a Jonker ab 16 Joer fir laang Zäit erëm zougeschloen.

Déi Neioplo vun DP-LSAP-Déi Gréng huet kee sou en Zil méi. D’Koalitiounsofkommes fir déi nächst 5 Joer liest sech wéi eng Opzielung vun all méiglechen Ziler a Reformen, ouni Prioriséierung, ouni roude Fuedem, ouni Plang.

Wéi eng Erausfuerderunge fir d’Zukunft?

Et wierkt esou, wéi wann d’Koalitiounsparteien sech beim Constat iwwer d’Erausfuerderungen, déi sech eisem Land an der Zukunft stellen, net eens wieren. Déi géigendeeleg Interessen, déi d’Parteie vertrieden, gi siichtbar, wann een iwwer déi puer grouss ugekënnegt Mesuren erauskuckt an erausfanne wëll, wéi

déi Lénk gesi 4 grouss Erausfuerderungen, deenen sech déi nei Regierung stelle misst:

  • Den Demokratiedefizit – Nëmmen nach eng Minoritéit vun den AwunnerInnen huet d’Wahlrecht. Dësen Defizit ass och e sozialen, wëll ëmmer manner Leit, déi hei schaffen, matentscheede kënnen. Dat selwecht trëfft zou op Locatairen, déi majoritär kee Wahlrecht hunn an awer d’Affer vun der verkorkster Logementspolitik sinn.
  • D’Schéier tëscht aarm a Räich geet rasant auserneen. Sie gëtt ugedriwwe vun der Schoul, déi sozial Ongläichheeten net méi kleng mécht, mee reproduzéiert, vun enger Lounpolitik an enger Wunnengskris, déi ëmmer méi Leit an d’Aarmut drécken, vun enger Steierpolitik, déi ëmmer méi zugonschte vun de Räichen ëmverdeelt.
  • D’ekologesch Kris: Lëtzebuerg huet en enormen ekologesche Foussofdrock, bal vu kengem Land geet esou vill Pollutioun a sou en héije Ressourcëveverbrauch aus. D’Regierung muss eng Politik maache fir dëser Verantwortung gerecht ze ginn, mee se verstoppt sech hannert der Privatwirtschaft an technologeschen Entwécklungen. Mee des Politik ass net d’Léisung, mee e groussen Deel vum Problem.
  • Oprëschtung a Konflikter: Lëtzebuerg ass ënnert de leschte Regierungen zu engem Acteur a Kricher a bewaffente Konflikter ginn, andeem mat der Oprëschtung profitabel Geschäfter gemaach ginn. Lëtzebuerg ass haut keng Stëmm méi vum Apeasement.

Demokratie: wäit hannert den Ufuerderungen.

Bei der Stäerkung vun der Demokratie wëll déi nei an all Regierung keng grouss Spréng maachen. Bis op e puer hallefhäerzeg Ukënnegunge steet wéineg Konkretes an dem Kapitel vum Accord.

D’Verfassungsreform soll endlech kommen, mee déi wichtegst Froen si vun Ufank un net méi Bestanddeel vun der Debatt, sou, dass d’Reform sech op e Facelifting vun der aler Verfassung beschränke wäert. D’Fro ob Lëtzebuerg nach en demokratesche Staat ass, wa 50% vun de Leit, déi hei wunnen a schaffen net iwwer d’Politik mat entscheede kënnen, ass ausgeklamert.

Déi nei Regierung erkennt zwar déi strukturell Schwächt vum Parlament un, mee ass net bereet dem Parlament an den Deputéierten déi Méiglechkeeten ze ginn, fir dass sie hir verfassungsméisseg Roll kënne gutt erfëllen, nämlech d’Regierung ze kontrolléieren.

Nei Regierung verdeelt Steierkaddoen a suergt net vir.

An der Steierpolitik mécht déi nei Regierung do weider wou déi al opgehalen huet. Se entzitt dem Staat an domat den AwunnerInne vum Land ëmmer méi d’finanziell Mëttelen, fir demokratesch ze decidéieren an z’investéieren.

D’Betriber sollen an Zukunft nach manner Steiere bezuelen an d’Kapital gëtt weider vill manner besteiert ewéi d’Aarbecht.

Mat dëser Politik komme mir an e geféierlechen Däiwelskrees: mat déiwe Steieren zéie mir ëmmer méi Betriber op Lëtzebuerg, wouduerch de Wuesstem weider kontrolléiert klëmmt. Wa méi wirtschaftlech Aktivitéiten zu Lëtzebuerg stattfannen, da brauche mir och méi Infrastruktur: Wunnengen, Transportmëttel, Energie, Schoulen a Crèchen. Mee wann d’Steieren dauernd erofgesat ginn, da sinn ëmmer manner Recetten an der Staatskees fir dat ze finanzéieren. D’Konsequenzen dovunner kenne mir: d’Liewensqualitéit geet erof, d’Schéier tëscht aarm a räich geet weider op.

Donieft läit doduerch och ëmmer méi Steierlaascht op de schaffende Leit, wärend Betriber a Kapital ëmmer manner zum Fonctionnement vum Staat bäidroen.

Mindestloun: D’Aarbecht gëtt weiderhin net anstänneg bezuelt!

D’Regierung proposéiert de Salariéen e puer Grimmele méi vum Kuch, mat enger Mindestlounerhéijung vun 100€ netto, réckwierkend op den 1. Januar. Vun engem richtege Fortschrëtt a punkto Ëmverdeelung tëscht Kapital an Aarbecht kann een hei net schwätzen. D‘Erhéijung vum Mindestloun soll an éischter Linn de Staat eppes kaschten, d’Patronat kënnt gutt ewech. Dat si fir d’éischt emol eng Erhéijung vum Mindestloun vun 1,1 % um 1. Januar 201. Dat ass Automatismus, eng Upassung vum Mindestloun un d’Lounentwécklung, déi all zwee Joer virgeholl gëtt. Dann eng Erhéijung vu weideren 0,9% an de Rescht soll da viraussiichtlech iwwer e Steierkredit finanzéiert ginn. Déi reell Brutto-Erhéijung bedréit also just 0,9%, circa 18€ also. An déi geplangten 100€ netto méi, sinn duerfir a Wierklechkeet just eppes méi wéi 80€ un deenen sech d’Patronat lächerlech wéineg bedeelege muss.

De Mindestloun wäert ëmmer nach ënnert der Aarmutsschwell leien an d’Leit wäerten och ëmmer nach grad esou vill a sou laang schaffe mussen. Amplaz d’Aarbechtszäit progressiv erofzesetzen an domat e moderne Geescht ze weisen, proposéiert d‘Regierung zwee weider Congésdeeg, dovun een a Form vun engem obligatoresche Feierdag. Ob d’Salariéen och wierklech vun deenen 2 Deeg méi am Joer profitéiere kënnen, hänkt vun de Gewerkschaften of an hirem Negociatiounskraaft, well des 2 Congésdeeg méi sinn net an de bestoende Kollektivverträg abegraff.

Ëffentlech Schoul geet ënner am Reformchaos.

Déi lescht Schoulreformen hunn just en décke Waasserkapp geschaaft, bestoend aus sëlleche Gremien an Organismen deenen hir Missiounen sech oft iwwerschneiden. Elo gëllt et dëse Waasserkapp un d’Schaffen ze kréien an en doropshin se evaluéieren, an der Hoffnung dat en sech bewäert. De Bildungsdësch deen dës Regierung wëll an d’Liewe ruffe fir d’Matbestëmmung bei der Schoulpolitik ze fuerderen, kënnt leider vill ze spéit. Eng richteg demokratesch Bedeelegung am Kader vun de Schoulreforme gouf et bis elo net. De gréisste Schued ass scho verursaacht ginn. Mat der Lycéesreform riskéiert eis Schoullandschaft opgespléckt ze ginn tëschent Elitten- a Masseschoulen. Mesuren déi gutt klengen ewéi d‘Diversifiéierung vun der schoulescher Offer, oder d’Upassung vun de Schoulen an hire Programmer un déi verschidden Talenter a Besoin’e vun de Schüler bedeiten tëschent de Zeilen eng Mise en concurrence vun de verschiddene Schoulen am Secondaire an ee Kompetenz orientéierten Unterrecht deen d’Schüler op Grond vun hire soziale Schwächte filtert.

An der Kontinuitéit mat de leschte Reforme scheitert d’Regierung un der Opwäertung vun der Beruffsausbildung. Amplaz op Grond vun der ekologescher Erausfuerderung déi bevirsteet dem Handwierk e neie Stellewäert ze ginn, well mer Leit brauchen déi kënne reparéieren an op ekologesch Aart a Weis Produkter schafen, stellt d’Regierung gär d’Zesummenaarbecht mat Betriber déi am wirtschaftlechen Trend vun der Digitaliséierung leien. Säit der Reform vum Stage fir d’Enseignanten aus dem Fondamental ass de Beruff esou onattraktiv ginn dat eng reegelrecht Penurie am Enseignement entstanen ass. D’Regierung huet hei weiderhi keng Verbesserungsvirschléi, mee setzt dann elo op d’Volontariat vum Schoulpersonal fir Iwwerstonnen ze leeschten am Kader vun den aide aux devoirs an de cours d’appui. Zu engem Sënneswandel fir eng sozial-gerecht an inklusiv Schoul opzebaue koum et schlussendlech net. De neie Schoulminister bleift dem alen trei.

Klimaverännerung: der Regierung feelt de Courage fir wierksam Mesuren.

déi Lénk begréissen, dass d’Regierung d’Drénglechkeet vun der Klimaverännerung erkannt huet a sech zu den Ziler am Accord vu Paräis verflicht. Sou steet am Koalitiounsofkommes, dass d’Regierung alles drusetze wëll, fir d’duerchschnëttlech Temperatur op der Äerd net iwwer de Richtwäert vun +1,5°C klammen ze loossen.

Wann déi Ausso awer eescht gemengt wier, da misst d’Regierung elo séier ufänke couragéis Mesuren z’ergräifen a virun allem eng laangfristeg Strategie op den Dësch leeën, mat verbindlechen Ziler an Echeancen, konkrete Mesuren an engem Finanzéierungsplang.

Dat feelt awer komplett am Regierungsprogramm an ob déi nei al Koalitioun wierklech bereet ass, déif gräifend politesch Entscheedungen ze treffen, ass net aus dem Text erauszeliesen, wëll alles immens flou bleift.

déi Lénk vertrieden de Standpunkt, dass Klimaschutz eng kloer a verbindlech gesetzlech Basis brauch, mat Ziler fir all Wirtschaftsberäich. Mir mengen, dass nëmme mat ëffentleche Suen iwwerhaapt Klimaschutz ka bedriwwe ginn, dee bei all de Leit ukënnt, vun all de Leit mat gestalt ka ginn. Mat Privatkapital geet dat net, wëll dat sicht nëmmen nom Profit an d’Rettung vun der Äerd ka kee Profitgeschäft sinn. Mir mengen, dass sozial Gerechtegkeet net duerch Klima- an Ëmweltpolitik (z.B. duerch Steieren) kann a Fro gestalt ginn. Dat ass och net néideg, ënnert der Bedingung, dass Staat a Gemengen dofir suergen, dass jiddereen de spannende Wee vun der ekologescher Transitioun mat ka goen, net just déi Räich a Privilegéiert.

Wat des 3 Aspekter (gesetzlech Basis, ëffentlech Investitiounen a Kontroll, sozial gerecht ekologesch Transitioun) bleift d’Ofkommes vun DP, LSAP an Déi Gréng bis op déi eng oder aner Ausnam stomm.

Logement: Déck Promoteuren an Immobilienspekulante bleiwen op Sonnesäit.

Wat d’Präisser vum Wunnen zu Lëtzebuerg ugeet, huet d’Regierung d’Seegel scho gestrach, bevir se den Hafe verlooss huet.

Déi nei Ministesch mengt, dass souwisou näischt géint déi héich Präisser um private Wunnengsmaart ka gemaach ginn. Um private Marché wunnen awer 98% vun de Leit zu Lëtzebuerg, dorënner zéngdausende Locatairen, déi also weider hiert lescht Hiem musse ginn, fir eng Wunneng ze hunn.

Fir déi Lénk ass et zwar wichteg sou séier wéi méiglech a sou vill wéi méiglech ëffentlech Locatiounswunnengen ze bauen, mee dat kann net heeschen, dass um Privatmarché d’Leit weider an de Ruin musse gedriwwe ginn.

D’Instrumenter, déi d’Regierung virschléit fir u méi Terrain’en ze kommen, fir de Gemengen sou méi Méiglechkeeten ze gi Wunnengen ze bauen, wäerten och net gräifen, wann Investoren a Promoteure weiderhi méi Geld verdénge kënnen, wann se hir Terrain’en um private Marché als Kapitalanlag halen. Soulaang d’Präisser um Privatmarché weider sou klammen, ass eng Immobilie déi sécherst a rentabelst Geldanlag zu Lëtzebuerg. Wa mam Wunnen awer weider dat déckt Geld soll verdéngt kënne ginn, wäerten déi mannste Leit an de Genoss vun enger gënschteger Wunneng kommen. An d’Gemenge wäerten och net u Bauterrain kommen.

Soumat ginn d’Virschléi vun der Regierung laanscht d’Realitéit um Wunnengsmaart an och laanscht d’Realitéit vu ville Leit, déi haut mat hirem Loun scho keng Wunneng méi bezuele kënnen. Eppes steet fest: d’Regierung wëll den décke Promoteuren an Immobilieninvestoren op alle Fall net wéi dinn.

Nach méi Oprëschtung, nach manner Fridden a Siicht.

Onmoosseg international Konflikter hunn an deene leschte Jore fir eng onverzeilech humanitär Kris gesuergt. D‘Incapacitéit vun den europäeschen Autoritéiten eng anstänneg Opnahmpolitik op d’Been ze kréien huet den Doud vun Dausende Geflüchteter aus all deene Konfliktzone verursaacht. Trotzdeem, investéiert déi lëtzebuergesch Regierung gäre weiderhin an d’Oprëschtung. Mat Militärfligeren a -satellitten huet sech d’Regierung indirekt um Krichsspill bedeelegt an dréit mat Responsabilitéit un de Schied un de Mënschen an hirer Ëmwelt déi do entstinn. D’Militärbudgete solle weiderhi klamme fir d’Fuerderunge vun der NATO kënnen ze erfëllen, och fir eng Finanzéierung vun enger europäescher Arméi kënnen ze garantéieren , déi kloer offensiv ausgeriicht ass De militäresch-industrielle Komplex dee weidergedriwwe soll ginn, a nach méi lëtzebuergesch Betriber abanne soll gëtt als lukrativ Wirtschaftsnisch opgebaut. De Militärbudget wäert fir déi nächst Jore méi héich ausfalen ewéi dee vun der Kooperatioun an der Entwécklungshëllef. Dat huet näischt méi mat Verdeedegungspolitik ze dinn.

Conclusioun : Net op der Héicht vum Enjeu

Den Accord ass e Potpourri vu verschidde Mesuren, déi alleguer eppes gemeinsam hunn: se sinn net Deel vun engem stëmmege Konzept. D’Enjeu’en, déi eist Land virun sech huet si grouss. Fir se unzegoen, brauch eng Regierung e Programm aus engem Goss, och wëll d’Froe ronderëm d’ekologesch Kris, d’sozial Ongläichheeten, d’Wunnengsnout oder d’Roll vum Staat an der Steierpolitik enk matenee verbonne sinn.

Am Ofkommes vun der Regierung tauchen des Zesummenhäng net op, Kapitelen a Mesurë widderspriechen sech deelweis, sou wéi wann d’Regierung aus lauter autonomen Eenzelkämpfer géif bestoen.

Déi eenzeg Konstant am Accord ass déi scho bal reliéis Iwwerzeegung, dass alles mat Digitaliséierung ze meeschtere wier. Dat ass natierlech praktesch. Mee et ass och geféierlech. D’Regierung street de Leit Sand an d’Aen, wann se mengt, dass mat digitale Léisungen de Kampf géint ekologesch Krise gewonne kéint ginn, dass mat der Digitaliséierung de Bildungssystem verbessert an den Zougank zu Aarbecht vereinfacht ka ginn.

An dem d’Regierung alles op technesch Léisunge reduzéiert gëtt, ass dësen Accord onpolitesch an um Enn onverantwortlech.