Spekulatioun op Grond a Buedem bekämpfen. Terrain fir gënschtege Wunnraum mobiliséieren.

“Stell der vir du bass en ale Mann. Du waars bis zu denger Pensioun zu Esch op Terres Rouges an der Stolindustrie. Du hues däi ganzt Liewe schwéier geschafft, mee du hues gutt verdéngt an dir an denger Famill ass et vu Joer zu Joer finanziell besser gaangen. Du hues däin Haus an der Hiel vun de Schmelzhäre kritt.  Dono hues du grad wéi déi meescht Aarbechter de Patron’en d’Haischen ofkaaft fir en Apel an e Stéck Brout. Du hues zwee Enkelkanner. Sie hu studéiert, schaffe scho puer Joer a lounen allebéid eng Wunneng am Minett. Mee de Loyer ass schwäindeier. De Site Terres Rouges läit haut brooch, wéi souvill fréier Industriesitten zu Lëtzebuerg. Mittal&co waarde bis de richtege Promoteur mam décke Geld kënnt an de Staat hinnen de ganze verknaschten Terrain botzt. Schéi Quartier’en mat gënschtege Wunnengen interesséiert déi net, déi hunn aner Pläng. Du hues däi ganzt Liewe schwéier geschafft, mee firwat? Déng Enkelkanner kënnen sech mol keng Wunneng méi kafen!”

Zu Lëtzebuerg feele gënschteg Wunnengen. D’Offer um private Wunnengsmaart ass de Besoin’en a meeschtens och dem Portmonni vun Kleng- a Mëttelverdénger net méi ugepasst. Déi meescht vun de feelende Wunnenge mussen nei gebaut ginn an dofir gëtt Bauterrain gebraucht.

déi Lénk wëllen dass de Staat an d’Gemengen e groussen Deel vun deene Wunnengen bauen, wëll sie bauen net fir de Profit a kënnen sou gënschtegt Wunnen erméiglechen.

92% vun deene Flächen, déi potentiell fir de Wunnengsbau disponibel sinn, gehéieren awer de Moment entweder Privatpersounen oder kommerziellen Acteuren (Fonds, Entreprisen etc.). Nëmmen 8 % gehéieren dem Staat, ëffentleche Promoteuren oder de Gemengen. Dat geet net duer. Staat a Gemenge brauche méi Bauterrain fir selwer kënnen ze bauen. Besonnesch awer musst et fir sie méiglech sinn, méi einfach zousätzlecht Bauland kënnen ze mobiliséieren. Dobäi steet de Grondbesëtz vu groussen Immobiliëbesëtzer, Fongen an Entreprisen am Fokus.

Dee gëtt nämlech allze oft just zu Spekulatiounszwecker gehalen an net fir drop ze bauen. Wann drop gebaut gëtt, da gëtt vu privaten Investoren de gréisst méigleche Rendement gesicht, also gi Wunnengen a Projet’en fir Ultraräicher ëmgesat (Beispill Royal Hamilius oder d’Stäreplaz an der Stad). De Staat an d’Gemengen hunn also an deene Fäll guer keen Afloss méi op dat, wat gebaut gëtt. Op villen Industriebroochen uechter d’Land gesäit et ganz ähnlech aus. D’Besëtzer vum Terrain (a ville Fäll ArcelorMittal), wëll all Profit erausschloen, dee se kréie kënnen, an d’Gemengen an de Staat si blockéiert, ausser sie komme selwer fir d’Botze vun deenen oftmools verknaschten Terrain’en selwer op.

déi Lénk wëllen der Spekulatioun op Grond a Buedem an dem Bau vu sënnlose Luxusbaute fir Ultraräicher en Enn setzen.

Verschidden Instrumenter hunn d’Gemengen haut scho fir der Spekulatioun entgéint ze wierken, mee se notzen se net. Dofir wëll mir aus der Méiglechkeet eng Obligatioun maachen. An Zukunft sollen d’Gemenge Bauterrain’en besteieren, déi 3 Joer no der Affektatioun (als Bauterrain) ëmmer nach net bebaut ginn.

Donieft wëllen déi Lénk och eng sougenannt Mehrwertabgab op Terrain’en aféieren. Déi soll da fälleg ginn, wann en Terrain, den am PAG a Bauterrain ëmgewandelt gëtt, viabiliséiert gëtt (duerch e Verkaf oder e Bauprojet) an de Besëtzer de Méiwäert kasséiert. Et ass nämlech sou, dass dee Méiwäert just op der politescher Entscheedung vun engem Gemengerot baséiert, fir en Terrain als Bauterrain ze klasséieren. déi Lénk sinn der Meenung, dass een Deel vun dem Wäert an de Gemengebudget zréckfléisse soll. Sou gewënnt d’Gemeng u finanziellem Handlungsspillraum fir selwer Wunnengen an Infrastrukturen ze bauen.

Een anere grousse Problem besteet doran, dass zu Lëtzebuerg Enteegnunge fir de Bau vu groussen zesummenhänkende Wunnengsprojet’en am allgemengen Interesse keng zolidd rechtlech Basis hunn. Mir mengen, dass een dat an der Verfassung ofännere muss an donieft och d’Virkafsrecht vum Staat an de Gemenge stäerken muss.

http://2018.dei-lenk.lu/

 

 

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe