Eng nohalteg Landwirtschaft mat regionalen Energiekreesleef. Dofir muss en Ëmdenke stattfannen um Niveau vun der Politik, der Wirtschaft, de Baueren an de Consommateuren. D’Bauere sinn Alliéierter an dësem Prozess. Zesumme musse mer dofir suergen, datt d’Landwirtschaft aus deem aktuelle Kader befreit gëtt, deen ausschliisslech op eng méiglechst héisch Produktivitéit ofzielt.