PdL 6949 – Accord Renegade mat der Belsch an Holland

Tuesday, 12 July 2016

Enthalung! D’Regierung huet bei dësem Accord ähnlech Bedenke gehat wéi déi Lénk, wat den Ofschoss an den Doud vu potentiell onschëllege Mënschen a soumat de Schutz vum Recht op d’Dignitéit ugeet. Dofir ass den Ofschoss iwwer Lëtzebuerg och ausgeschloss. Fir eis ass de Prinzip vu souengem Accord awer ëmmer nach bedenklech, besonnesch, wëll d’Detailer net bekannt sinn. Plus d'informations >

PdL 6862 – Finanzéierung vun de Rettungsdéngschter

Thursday, 07 July 2016

Dogéint! Wéi beschriwwe sinn déi Lénk der Meenung, dass de Prinzip vum service public beim Rettungswiese mat dësem Gesetz ausgehielegt gëtt an hei eng zousätzlech ongerecht Belaaschtung vun de Konsumente lauert. Plus d'informations >

PdL 6868 – Publikatioun vun net-finanziellen Informatioune vu verschiddene groussen Entreprisen.

Wednesday, 06 July 2016

Dogéint! D'Regierung hätt d'Méiglechkeet gehat, déi Direktiv vill méi restriktiv ze interpretéieren. Si hätt zum Beispill kéinten en nationalen Aktiounsplang a Saachen RSE entwéckelen (Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU, dat nach keen huet). Et hätt een eng generell Obligatioun fir all Entreprise ab 200-300 Mataarbechter kéinten aféieren, fir esou e jäerleche Rapport ze maachen. Dat heescht, datt all Entreprise ab enger gewësser Gréisst sech muss e puer Gedanken iwwert nohalteg Entwécklung an hire sozialen Impakt maachen. Et hätt ee kéinten en eenheetleche Format virschreiwen, sou datt een déi eenzel Rapporte ka vergläichen an och fir eng gewëssen extern Kontroll suergen. Dat wär zumindest en Ufank vun enger fortschrëttlecher Politik gewiescht. Plus d'informations >

Brexit: Eis Aschätzungen an der Chamber

Wednesday, 06 July 2016

An der Chamber stounge gläich zwou Debatten am Zesummenhang mam Brexit um Programm. Eng éischt iwwer déi allgemeng Aschätzung vum Referendum an d'Konsequenze vum briteschen Austrëtt aus der Europäescher Unioun an eng zweet iwwer den Impakt op déi lëtzebuergescher Finanzplaz. Hei kënnt dir eis Aschätzungen noliesen a -kucken. Plus d'informations >

Question parlementaire: Accord sur les minerais provenant de zones de conflit.

Thursday, 30 June 2016

Le mercredi 15 juin 2016, un accord politique a été conclu par les députés européens, les ministres et la Commission européenne sur les minerais provenant de zones de conflit. Selon cet accord, les grandes entreprises de l'Union européenne important de l'étain, du tantale, du tungstène, de l'or et leurs minerais devront dorénavant procéder à des contrôles de "diligence raisonnable" de leurs fournisseurs. Si cet accord marque un certain pas en avant, il a néanmoins été fortement critiqué dans un communiqué de la société civile européenne, relayé au Luxembourg par Fairtrade Lëtzebuerg, le Cercle de Coopération, l’Action Solidarité Tiers Monde, Caritas Luxembourg et Bridderlech Deelen. Plus d'informations >

PdL 6975 – Reform vun de Studiebourssen

Thursday, 30 June 2016

Enthalung! Mir begréissen zwar d’Ännerungen déi mat dësem Gesetz a Kraaft trieden, wieren awer gär méi wäit gaang. Besonnesch déi ze déif bourse de base gesi mir ganz kritesch, wëll et nämlech déi Bourse ass déi d’Autonomie (par rapport du den Elteren an och de Banken) assuréiert. Donieft bedauere mir och, dass d’Studiebourssen ënnert der aktueller Regierung virun allem als eng budgetär Laascht ugesi ginn an deementspriechend säit 2014 drastesch gekierzt goufen. Déi partiell Erhéijunge bleiwen och wäit ënnert dem, wat d’Regierung sech als finanzielle Spillraum ginn hat. Plus d'informations >