WAHLEN
'18

NEWS

25 Sep 2018
Question parlementaire concernant le paquet « banque climatique et logement durable »
No 9 Méint haten 12 Stéit eng Demande fir e Klimaprêt gemaach. E Bilan no engem Joer gouf vun der Regierung ugekënnegt, mee no bal zwee Joer vermësse mir deen awer ëmmer nach. Dofir froe mir elo no. D'Klimabank, mat där d'Regierung d'energetesch Sanéierung ukuerbele wollt, ass bei wäitem net op der Héicht vum Enjeu. Mat dem Instrument erreeche mir näischt géint de Klimawandel a Stéit mat méi klengem Akommes kréien och net gehollef, wëll si weiderhi keen Zougank zu engem Finanzement fir eng energetesch Sanéierung kréien.  Plus d'informations
25 Sep 2018
Wunnen an enger gesonder Ëmwelt: Der energetescher Sanéierung fir all Doheem Prioritéit ginn.
déi Lénk wëlle Wunnraum schafen deen abordabel an energieeffizient ass. Bestoend ëffentlech Wunnenge mussen energetesch sanéiert ginn an d'Sanéierung muss vum Staat sou encouragéiert, finanzéiert an organiséiert ginn, dass och Leit mat geréngem Akommes se kënnen an Usproch huelen an en anstännege Wunnconfort kënne genéissen. Energie spueren dierf net just eng Optioun si fir déi déi et sech leeschte kënnen. Plus d'informations
21 Sep 2018
Staat a Gemenge maache gënschtegt Wunne méiglech: Ëffentlech bauen.
déi Lénk wëllen méi an den ëffentleche Wunnengsbau investéieren. Nëmmen de Staat an d‘Gemengen baue net fir de Profit. Dofir wëllen déi Lénk eng ëffentlech Wunnengsbaugesellschaft grënnen déi eng seriö Analys vun de Besoin’e soll opstellen, d’Mëttel fir den ëffentleche Wunnengsbau soll un d’Gemengen, an déi ëffentlech Promoteuren verdeelen, ekologescht Wunnen soll ënnerstëtzen a gréisser nohalteg Bauprojet’en soll superviséieren a gesetzlech duerchsetzen. Plus d'informations
21 Sep 2018
IDEA et la crise du logement : une étude à s’arracher les cheveux
Dans une étude sur le logement au Luxembourg publiée ce mois-ci par le think tank de la Chambre de Commerce, la fondation IDEA prétend que le STATEC, le CES et l’Observatoire de l’habitat aient mal calculés les besoins en nouveaux logements ces dernières années. Selon l’étude d’IDEA, la construction de 6.500 nouveaux logements par an entraînerait une hausse des prix. La même étude juge « paradoxale » la charge financière que représente le logement pour 80% des ménages interrogés par le STATEC en 2012. Plus d'informations
20 Sep 2018
All Mënsch muss sech d’Gesondheet kënne leeschten: Tiers-payant généralisé duerchsetzen.
déi Lénk wëllen de solidareschen an universelle Gesondheetssystem weider stäerken an ausbauen. Iwwer eng Generaliséierung vum Tiers-Payant soll jidderengem en direkten Accès zu enger qualitativer Gesondheetsversuergung gebuede ginn. Mat enger Generaliséierung vum Tiers-Payant, ginn all d’Dokteschrechnungen direkt vun der Krankekees iwwerholl an zu 100% rembourséiert ouni dat ee muss d’Sue virstrecken. Den Tiers-payant verbënnt den Aspekt vun der sozialer Gerechtegkeet mat enger qualitativ héichwäerteger an universeller Gesondheetsversuergung. Plus d'informations
19 Sep 2018
Recht op Aarbecht: de Staat als Employeur a leschter Instanz.
De Chômage zu Lëtzebuerg huet näischt domat ze dinn, dass d’Wirtschaft net dréint oder Frontalier’en Aarbechtsplazen ewechhuelen. Et ass e Chômage dee strukturell ass, wat bedeit, dass um Aarbechtsmaart an éischter Linn héich qualifizéiert Leit gesicht ginn. Leit mat manner oder ouni schouleschen Ofschlëss bleiwen do op der Streck. Op der ADEM sinn de Moment 5190 Leit scho säit iwwer 12 Méint ageschriwwen. Sie fannen also offensichtlech nëmmen nach ganz schwéier eng Aarbecht. Vill vun hinnen si méi al wéi 45 Joer. Sie haten eng Aarbecht, hunn déi verluer a faassen elo kee Fouss méi um Aarbechtsmarché, wou éischter jonk a méi héich qualifizéiert Leit agestallt ginn. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Neijoerschpatt 2019: Ried vum Carole Thoma

D’Problemer déi sech eis stellen, sinn op nationalem wéi europäeschem Niveau déi selwecht. D’Politik rullt grousse Multinationalen a Superräichen den Teppech aus, déi schaffend Leit musse bludden. Déi wuessend sozial Ongläichheeten an d’ekologesch Katastroph sinn nëmmen zwou vun de Konsequenze vun där Politik. Mir musse brieche mat dëser Politik, zu Lëtzebuerg an an Europa.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos