WAHLEN
'18

NEWS

24 Nov 2015
Nach den Attentaten von Paris: Eine erste innenpolitische Bilanz
Nach einer Woche der Wut und der Trauer über die massenmörderischen Attentate gegen die Bevölkerung von Paris hat das Koordinationsbüro von déi Lénk eine erste Bilanz hinsichtlich der Sicherheitspolitik gezogen:
Ersten Untersuchungsergebnisse zeigen, dass die Straftäter nur oberflächlich religiös motiviert waren. Sie wurden von den Anwerber*innen und Drahtzieher*innen von Daesh, die allerdings auf religiöse Spannungen setzen, für ihre eigenen Machtinteressen instrumentalisiert. Es geht um Kriminalität, nicht um Religion.
Plus d'informations
20 Nov 2015
Den David Wagner iwwert d’politesch Orientéierung an den Aktiounskader a Saachen Klima an Energie.
D' 21. Joerhonnert schéngt wierklech eent ze sinn, wou d’Mënschheet sech gréissere Geforen aussetzt. Geforen déi een hätt kéinten evitéieren! Plus d'informations
18 Nov 2015
Motioun vun déi Lénk iwwer CETA: Privat Schiedsgerichter aus dem Accord raushuelen!
Et ass ondenkbar, datt mer elo sollen e CETA ëmsetzen, an deem nach déi al Bestëmmungen iwwert déi privat Schiedsgeriichter dra sinn. Dat ass eng Fro vu Kohärenz a géif virun allem e geféierleche Präzedenzfall schafen. Plus d'informations
17 Nov 2015
Den David Wagner iwwer de Bilan vun der Kooperatiounspolitik
D’Kooperatiounsdebatt an dësem Plenum zeechent sech duerch 2 Saachen aus. Éischtens gëtt se, leider, vun der Ëffentlechkeet net ëmmer esou wouergeholl wéi sech dat gehéiere géif. Dat ass schlecht, well et geet hei net nëmmen em « Kooperatioun », mee em d’Verhältnes tëscht Nord a Süd, tëscht Räich an Aarm, tëscht Selwerbestëmmung an Ofhängegkeet. Do gëtt sech decidéiert tëscht Honger oder Wuelstand, tëscht Krich oder Fridden, tëscht seng Famill a säi verloossen oder do bleiwen wou een am léifsten ass. Plus d'informations
17 Nov 2015
Marc Baum – E schwaarze Freiden
Mir stinn nach alleguerten ënnert dem Schock vun deem, wat leschte Freiden zu Paräis geschitt ass: Hei goufen net nëmmen op eng feig a bestialesch Aart a Weis Mënsche massakréiert, hei hu mer eng Attack gesinn op d’Fundamenter vun eiser demokratescher a multikultureller Gesellschaft. Willkürlech sinn Honnerte Mënsche cibléiert ginn, Mënsche vun ënnerschiddlechster Nationalitéit, Relioun an Hierkonft. Leit, déi awer eppes gemeinsam haten, nämlech datt se zesumme gelieft hunn. Eng Attack op Wäerter wéi Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet, déi Wäerter, déi an der franséischer Revolutioun erkämpft goufen a géint all Grujelegkeete vum 20. Joerhonnert ëmmer nees op Neits hu misse verteidegt ginn. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Neijoerschpatt 2019: Ried vum Carole Thoma

D’Problemer déi sech eis stellen, sinn op nationalem wéi europäeschem Niveau déi selwecht. D’Politik rullt grousse Multinationalen a Superräichen den Teppech aus, déi schaffend Leit musse bludden. Déi wuessend sozial Ongläichheeten an d’ekologesch Katastroph sinn nëmmen zwou vun de Konsequenze vun där Politik. Mir musse brieche mat dëser Politik, zu Lëtzebuerg an an Europa.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos